Ukrain

D’ADR verurteelt kloer an däitlech den russeschen Ugrëff op d’Ukrain.

Resolutioun

Den ADR Nationalkongress ass
– sech bewosst, datt d’Ukrain en Deel vun der europäescher Famill ass;
– déif betraff iwwert déi dramatesch Situatioun an der Ukrain;
– solidaresch mam ukrainesche Vollek an der Nout;
– dorëm beméit, d’Ukrain un d’Europäesch Unioun erunzeféieren;
– an der Hoffnung, déi bilateral Relatioune mat der Ukrain laangfristeg ze stäerken;
– am Wonsch, kënnen humanitär a friddensstëftend Initiativen ze ënnerstëtzen;

begréisst
– déi enorm Solidaritéit mat den ukrainesche Flüchtlingen, a seet alle Leit Merci, déi esou Leit ophuelen oder sech fir si asetzen;

betount
– datt d’ADR déi Moossnamen ausdrécklech ënnerstëtzt, déi den Ukrainer hei am Land solle Schutz a Sécherheet ginn;

decidéiert
sech op nationalem Plang dofir anzesetzen, datt
– all Friddensofkommes, Waffestëllstandsofkommes, oder humanitär Reegelungen tëscht de krichsféierende Parteie mat aller Kraaft ënnerstëtzt gëtt, inklusiv, wann dat sollt méiglech sinn, am Kader vun enger militärescher Friddensmissioun;
– d’Ukrain op bilateralem Plang politesch a wirtschaftlech ënnerstëtzt gëtt;
– op diplomateschem Plang eng resident Ambassade zu Kiew opgemaach gëtt, esou séier ewéi d’Situatioun et erlaabt;
– am Staatsbudget 2023 e „Fonds de reconstruction” fir d’Ukrain ageriicht a mat 100 Milliounen Euro dotéiert gëtt;
– op bilateralem Niveau Projete fir d’Eruféiere vun der Ukrain un d’EU an Héicht vu 25 Milliounen Euro ënnerstëtzt ginn;
– an Zesummenaarbecht mat internationalen humanitären Organisatiounen, humanitär Projeten an der Ukrain identifizéiert a grousszügeg ënnerstëtzt ginn;
– iwwert déi nächst 10 Joer all Joer Studenteboursse fir ukrainesch Staatsbierger ageriicht ginn, déi et jonke Leit erlaben, zu Lëtzebuerg ze wunnen, ze liewen an ze studéieren;
– Leit aus der Ukrain, déi medezinesch Hëllef brauchen, wa méiglech, kënnen op Lëtzebuerg transferéiert ginn, fir hei behandelt ze ginn;
– de Projet vun engem nationale Militärspidol séier ëmgesat gëtt;

sech op nationalem an op europäeschem Plang, och am Kader vun der ECR (European Conservatives and Reformists),
dofir anzesetzen, datt

– eng Kandidatur vun der Ukrain fir Member an der EU ze ginn ka séier ënnersicht a Bäitrëttsverhandlunge virbereet ginn;
– e Bäitrëtt vun der Ukrain an d’EU méiglech gëtt, esoubal d’Ukrain all d’Kopenhagener Krittären erfëllt an d’Verhandlungen ofgeschloss sinn.