Déi feierlech Ëmbettung vum ëmstriddenen ukraineschen Nationalist Andriy Melnyk werft och zu Lëtzebuerg Froen op. Datt déi ierdesch Iwwerreschter vun engem historeschen Akteur mat nogewisener Noperschaft zu nationalsozialistesche Strukturen ënner staatlechen Éieren ëmgebett ginn – an dat ausgerechent mat Bedeelegung vu Lëtzebuerg –, suergt international fir schaarf Kritik. Virun dësem Hannergrond huet de Fred Keup eng parlamentaresch Fro agereecht, fir Transparenz iwwert d’Roll vun der Regierung ze schafen an eng kloer politesch Anuerdnung anzefuerderen:
Lëtzebuerg, den 8. Juni 2026
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Premierminister an un den Här Ausseminister weiderzeleeden.
Den 19. Mee 2026 goufen d’Iwwerreschter vum Andriy Melnyk, dem fréiere Leader vun der Organisatioun vun Ukraineschen Nationalisten (OUN), an déi vu senger Fra Sofia zu Lëtzebuerg exhuméiert an an d’Ukrain iwwerfouert. De 26. Mee 2026 goufen si mat staatlechen Éieren um nationale militäresche Gedenkkierfecht bei Kiew nees bäigesat. De President Wolodymyr Selenskyj huet bei dëser Geleeënheet betount, datt dëst en éischte Schrëtt a Richtung Schafung vun engem nationale Pantheon vu Persounen ass, déi fir d’Onofhängegkeet vun der Ukrain gekämpft hunn.
Den Andriy Melnyk (1890–1964) war eng zentral, awer kontrovers Figur vum ukraineschen Nationalismus am 20. Joerhonnert. Hien huet als Offizéier am Éischte Weltkrich an an den Onofhängegkeetskämpf vun 1917 bis 1921 gedéngt an huet no 1938 d’OUN geleet. Wärend dem Zweete Weltkrich huet seng Fraktioun (OUN-M) mat der nationalsozialistescher Besatzungsmuecht kollaboréiert. Memberen an Eenheete vun dëser Fraktioun waren un der Verfollgung an Ermuerdung vun der jiddescher Bevëlkerung bedeelegt, ënner anerem beim Massaker vu Babyn Jar (1941).
Nom Zweete Weltkrich huet hien am Exil zu Lëtzebuerg gelieft, wou hien 1964 gestuerwen ass.
Souwuel d’Gedenktstätt Yad Vashem wéi och déi polnesch Regierung an déi polnesch Ëffentlechkeet hunn déi feierlech Bäisetzung vum Andriy Melnyk um nationale Militärkierfecht an der Géigend vu Kiew schaarf verurteelt. De polnesche Präsident Karol Nawrocki huet dëse Schrëtt schaarf kritiséiert an huet d’Éierung als Affront bezeechent. De Premierminister Donald Tusk huet ënnerstrach, datt d’Ëmbettung “historesch Empfindlechkeeten” verletzt an déi bilateral Bezéiunge belaascht. De fréiere Premierminister Leszek Miller huet d’Éierung als „Schlag an d’Gesiicht“ fir d’Nokomme vun den Affer bezeechent. Als Konsequenz goufen an e puer polnesche Stied aus Protest ukrainesch Fändele vun de Gemengen erofgeholl.
An dësem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:
- Iwwer wéi ee Wee a wéini huet déi ukrainesch Regierung d’Iwwerféierung ugefrot a wien huet op Lëtzebuerger Säit den Accord ginn?
- Wéi bewäert d’Regierung d’Staatstrauer an d’Éierung vun enger Persoun an der Ukrain, déi an der Geschichtswëssenschaft kloer als Nazi-Kollaborateur a Leader vun enger Beweegung mat nationalsozialisteschen an antisemiteschen Zich identifizéiert gëtt?
- De Lëtzebuerger Botschafter zu Moskau gouf den 28. Mee 2026 an de russeschen Ausseministère bestallt. Wat krut den Ambassadeur do gesot a wat huet d’Lëtzebuerger Regierung dorop geäntwert?
Mat déiwem Respekt,
Fred Keup
Deputéierten