COVID-19

Hei fannt Dir den Iwwerbléck iwwert d’Positiounen, Fuerderungen a Propose vun der ADR wärend der gesamter COVID-Situatioun.

20 Fuerderunge vun der ADR

Méi Transparenz

  • Voll Transparenz bei den Impf-Nieweschied, kloer a fir d’Doktere remuneréiert Prozedure fir Impfschied ze mellen, Ariichte vun engem Fong fir d’Indemniséierung vun de Victime. Séier an onkomplizéiert Unerkennung vun den Affer vun der Impfung a séier an ugemoossen Entschiedegungen.
  • Komplett Opklärung iwwert de Rôle vun der EU-Kommissioun an der EMA.
  • Méi Transparenz bei den Doudesursaachen.
  • Eng onofhängeg Ënnersichungskommissioun déi de kompletten Accès op all Dokumenter a Statistike muss hunn.

Legislativ Moossnamen

  • Definitiv Annulatioun vum geplangte Gesetzesprojet iwwer d’Impfflicht “obligation vaccinale”; offiziell Erklärung zum Enn vun der Pandemie.
  • Eng effizient a séier Prozedur fir Asprochsméiglechkeete géint Reglementer am Noutstand.
  • E Pandemiegesetz am Respekt vun de Grondfräiheete vum Mënsch.
  • Voll Reesfräiheet – Faleloosse vum QR-Code an digitalen Impfzertifikater.
  • Keen Transfert u Kompetenzen un d’EU oder d’OMS(WHO)
  • Ofschafe vun der COVID-Impfflicht an der Arméi.
  • Sozial Ofsécherung vun den Indépendants.
  • Remboursementer vun alle Protokoller, z.B. wéinst Verstéiss géint de Couvre-feu oder d’Obligatioun eng Mask unzedoen. Indemniséierung vu Leit déi wéinst der 2G Politik hir Aarbecht verluer hunn.

Medezinesche Secteur

  • Schluss mam Drock op d’Dokteren a Stäerkung vun eisem Gesondheetssystem.
  • Psychologesch Konsequenze vun der Kris opfänken.

Politesch Mossnamen

  • Entschëllegung vun deene Politiker déi Impfskeptiker beleedegt hunn.
  • Léiere fir Zukunft: méi Toleranz a méi e respektvollen Ëmgang mateneen.
  • Méi Resilienz fir de Krisefall a Reserven u wichtege Gidder um nationale Plang.
  • Realisteschen Ëmgang mat nationale Grenzen. Noutwennegkeet fir bilateral Accorden ofzeschléissen.
  • D’Berodung vun der Regierung däerf net nëmmen duerch ee Grupp vu Leit, wéi z.B. Infektiologen oder Epidemiologe gemaach ginn.
  • Reindustrialiséierung, ekonomesch Diversifizéierung a méi Onofhängegkeet vun Drëttstaaten.
Aktuelles

Pandemie-Vertrag vun der WHO

Hei fannt Dir déi parlamentaresch Fro vun der honorabel Députéiert Alexandra Schoos. Här President, esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro

Weiderliesen »