Onkloerheet bei de Remboursementer vu militärescher Hëllef un d’Ukrain

D’EU-Länner déi d’Ukrain mat militärescher Hëllef ënnerstëtzt hunn, kënnen duerch d’EPF (d'”European Peace Facility”) een Deel rembourséiert kréien. D’EPF ass e gemeinsame Fong zu deem d’Memberstaaten, jee no Gréisst vun hirer Ekonomie, bäidroen. Ronn 84 Prozent vum präisleche Wäert vun der militärescher Hëllef un d’Ukrain, ka vun engem Memberstaat als Remboursement ugefrot ginn. De Probleem ass dass sech net gëeenegt gouf wéi de Wäert vun dem Equipement berechent soll ginn. Offiziell hunn doduerch 6 Memberstaaten hire Remboursement unhand vum Wäert vun nei agekaaftem Equipement berechent, amplaz vun der eigentlecher militärescher Hëllef. Estland gëtt reprochéiert hiert militärescht Arsenal op Käschte vun den EU-Memberstaaten erneiert ze hunn, wärend deem se hiert aalt Equipement an d’Ukrain schécken.

An dem Kader huet de Fernand Kartheiser eng parlamentaresch Fro gestallt.

 

Deel dëse Post: