Ukrainesch Flüchtlinge mat Hausdéieren

Wéi gesäit et am Moment mat de Bestëmmunge fir ukrainesch Flüchtlingen aus, déi hiert Hausdéier matbréngen? De Jeff Engelen freet beim Landwirtschaftsminister, deen och fir den Déiereschutz zoustänneg ass, no.

Fro:

An enger rezenter Matdeelung vun der „Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire“ mam Titel « Abrogation de la dérogation pour l’importation d’animaux en provenance d’Ukraine » heescht et :

« Suite à la guerre en Ukraine, l’importation d’animaux de ce pays dans l’UE a été facilitée par la Commission européenne en ce qui concerne les exigences légales applicables aux mouvements non-commerciaux d’animaux de compagnie. Cette dérogation ayant été supprimée et n’étant plus d’actualité, nous rappelons à tous les acteurs du secteur que tout mouvement d’animaux de compagnie, d’animaux de rente et d’équidés est désormais soumis aux réglementations en vigueur.»

An deem Zesummenhang hunn ech folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister:

  • Kann den Här Minister preziséieren, ob et nach ëmmer ukrainesch Flüchtlinge ginn, déi mat engem Hausdéier op Lëtzebuerg kommen? Wa jo, wier et net sënnvoll, eng national Léisung fir Lëtzebuerg ze fannen, déi gëeegent wier, dëse Mënschen ze hëllefen?

Äntwert:

Et ass mëttlerweil éischter rar, datt Flüchtlinge mat Hausdéieren op Lëtzebuerg kommen. D’lescht Joer hat d’EU an där deemools bestoender urgenter Situatioun decidéiert, déi gesetzlech Ufuerderungen auszesetze fir eng séier Hëllef kennen ze garantéieren. Mëttlerweil sinn déi kompetent Autoritéiten an der Ukrain rëm operationell, sou datt déi legal Ufuerderunge fir mat Déieren aus der Ukrain an d’EU ze komme rëm kënnen ugewannt ginn. Dës Ufuerderunge ginn et aus sanitären an also och aus Sécherheetsgrënn fir Mënsch an Déier. Lëtzebuerg hutt dofir net virgesinn, déi national Ufuerderunge vis-à-vis vun deene vun der EU ze änneren.

 

 

 

Deel dëse Post: