Meenungsfräiheet a Pressefräiheet a Gefor?

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister an den Här Baussen- an Europaminister weider ze leeden.

Mënscherechter sinn dee wäertvollsten Deel vun eiser Wäerte-Uerdnung a gi mat Recht vun eiser Verfassung an internationalen Instrumenter geschützt. Zu hinne gehéieren natierlech och d’Meenungsfräiheet  an domat och d’Fräiheet vun de Medien.

Ee Journalist, den Här Pablo Gonzalez, den déi duebel spuenesch a russesch Nationalitéiten huet, gouf viru méi wéi engem Joer op der polnesch-ukrainescher Grenz festgeholl. Hien ass  elo schonn ee Joer am Prisong, wéi et schéngt an Isolatiounshaft. Der “International Federation of Journalists” no, huet hien nëmme seng Aarbecht als Journalist gemaach (Artikelen ‘’Poland: Spanish Journalist Pablo Gonzalez detained while reporting on humanitarian crisis on Polish-Ukrainian border” vum 7.03.2022 an ‘’Ein Jahr U-Haft: Fortgetzter Albtraum “ an der  taz vum 13.04.2023). Den Här Gonzalez soll op d’mannst nach bis de 24. Mee am Prisong bleiwen.

An deem Kontext wéilt ech der Regierung dës Froe stellen:

  1. Ass d’Regierung sech der Situatioun vun dësem Journalist bewosst?
  2. Wéi gesäit d’Regierung an dem Kontext d’Fräiheet vun der Press a Polen garantéiert?
  3. Wëll d’Regierung dësen Dossier an hire Kontakter mat der polnescher Regierung oder am Kader vun internationalen Organisatiounen thematiséieren?

 

Mat déiwem Respekt, Fernand Kartheiser

Deel dëse Post: