De Programm vun der ADR
D‘ADR ass d’Partei, déi sozial ass a vill positiv Wäerter vertrëtt. Mir si fir eng liberal Maartwirtschaft a wëllen e qualitative Wuesstem fir eist Land an eis Uertschaften. Eis Partei setzt sech a fir d’Famill, d’Sprooch an d‘Kultur, den Naturschutz, fir d‘Land a seng Bierger. D’ADR ass mat Fraktiounsstäerkt (5 Deputéierten) an der Chamber vertrueden a stellt ee vun de 6 Lëtzebuerger EU-Deputéierten.