Eis Deputéiert

Kartheiser
Fernand

De fréieren Offizéier an Diplomat ass zanter de Chamberwalen am Joer 2009 Deputéierte fir de Bezierk Süden. Hie war op der Kinneglecher Militärakademie zu Bréissel, wou hie Sozial- a Militärwëssenschafte studéiert huet.

Engelen
Jeff

De Jeff Engelen ass 1953 zu Heerlen gebueren. Hie koum am Alter vu 4 Joer an d’Land an ass opgewuess zu Bärel an zu Téinten. No der Primärschoul war hien ee Joer an der Regionalschoul zu Biissen an duerno ee Joer an der Oberprimärschoul zu Miersch.

Keup
Fred

De Fred Keup, gebuer de 15. Mee 1980, ass e lëtzebuergeschen Deputéierten an der Chamber zënter 2020 a Geographiesprofessor vu Mamer.