Kartheiser Fernand

De fréieren Offizéier an Diplomat ass zanter de Chamberwalen am Joer 2009 Deputéierte fir de Bezierk Süden. Hie war op der Kinneglecher Militärakademie zu Bréissel, wou hie Sozial- a Militärwëssenschafte studéiert huet. No senger Lafbunn bei der Lëtzebuerger Arméi huet hie Geschicht zu Montpellier studéiert. Dono ass en op d’Diplomatesch Akademie zu Wien gaangen, wouropshin hien an den Diplomateschen Déngscht getrueden ass, wou hien a Griicheland, op Zypern, an den USA, Däitschland a Rumänien a bei der OSZE zu Wien geschafft huet. Am Joer 2000 gouf de Fernand Kartheiser Ambassadeur zu Athen. Vun 2005 u war hien Direkter fir de Budget, d’Finanzen an d’Verwaltung am Bausseministère.

Nieft der Politik ass hien ausserdeem Auteur vu verschiddene Bicher (Le Luxembourg et l’ONU, Analyse politique et diplomatique du conflit coréen, Helleg Muecht, Kritik der reinen Unvernunft: Zur Feminisierung der Sprache).