Weidig Tom

Ech hunn an England studéiert an hunn e Bachelor of Science, Master of Science a PhD an der Physik. Doriwwer eraus hunn ech eng Formatioun zum Chartered Financial Analyst absolvéiert. Als Consultant am Risikomanagement hunn ech beim European Investment Fund, Deel vun der Europäescher Investmentbank, geschafft. Ech si Responsabel beim “Commissariat aux Assurances” (der Lëtzebuerger Versécherungsopsiicht) fir den Traitement vun allen Dossieren (och EU-Gesetzer a Reglementer) a Member am Board of Supervisors vun der Europäescher Versécherungsopsiicht, der EIOPA.

Als Member vum technesche Gremium vun der EIOPA sinn ech zoustänneg fir d’Ausschaffe vun europäesche Gesetzer a Reglementer betreffend “Solvency II” an intern Risikomodeller. Ech stinn a Kooperatioun mat der EVCA, der “European Venture Capital Association”, an hunn am Januar 2004 d’Etude “The Risk Profiles of Private Equity“ publizéiert, déi bewierkt huet, datt d’EU-Gesetzer fir Basel II geännert goufen.