Keup Fred

De Fred Keup, gebuer de 15. Mee 1980, ass e lëtzebuergeschen Deputéierten an der Chamber zënter 2020 a Geographiesprofessor vu Mamer.

No der Primärschoul zu Kielen an Secondaire am Lycée Michel-Rodange huet de Fred Keup Geographie um Centre Universitaire de Luxembourg an op der Universitéit Stroossbuerg studéiert an duerno als Geographiesprofesser am Stater Kolléisch an am Lycée technique Guillaume Kroll vun Esch Schoul gehalen.

Am Kader vum Referendum vum 7. Juni 2015 huet de Fred Keup sech fir den Nee zum Auslännerwalrecht bei Chamberwalen agesat an dofir zesumme mam Steve Kodesch am Abrëll 2015 de Veräin “Nee Zum Auslännerwahlrecht?” gegrënnt. Bei dëser Initiativ huet alles mat enger Internetsäit ugefaangen, déi dunn eng Facebook-Säit gouf a séier Dausende vu „Likes“ krut. Déi Entwécklung huet dozou bäigedroen, datt de Fred Keup och an der “realer” Welt aktiv gouf, sou datt hien un Debatten deelgeholl a Fluchblieder ausgedeelt huet. 

Wärend der Referendumscampagne huet hien als “Porte-parole du camp du « non »” gegollt, respektiv als der “führende Kopf der Nein-Kampagne”. Ee vun den Héichpunkte vun der Campagne war de Face-à-face Laura Zuccoli – Fred Keup op RTL Radio Lëtzebuerg. Nom Referendum huet hie säi Veräin a Wee2050 ëmbenannt. Zanterhier setzt de Fred Keup sech besonnesch a fir d’Lëtzebuerger Sprooch a fir e méi verstännege Bevëlkerungswuesstem. De Fred Keup gesäit sech selwer als “Vertrieder vun der politescher Mëtt”.

Den 2. Mäerz 2018 huet d’ADR zesumme mam Fred Keup, op enger Pressekonferenz eng Kooperatioun fir d’Chamberwalen 2018 annoncéiert. Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 war hie Kandidat op der Lëscht vun der ADR am Süden. Hien ass Drëttplazéierten op der Lëscht ginn an de 14.Oktober 2020 als Nofollger vum Gast Gibéryen als Deputéierten an der Chamber vereedegt ginn.

Donieft ass de Fred Keup President vum FC Kehlen. Hien ass ee vun de Comitésmembere vun der Actioun Lëtzebuergesch.

Hien ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.