Schoos Alexandra

Ech hunn zu Wien, Bern a Gent (Gand) studéiert. Am Kader vu menger veterinärmedezinescher Spezialisatioun op europäeschem Niveau hunn ech mech mat Direktiven a Reglementer haaptsächlech am Beräich vum Déiereschutz, der Déieregesondheet an der Santé publique befaasst an auserneegesat. A menger Zäit am veterinärmedezinesche Staatslabo war ech Vertrieder vu Lëtzebuerg a verschiddenen Aarbechtsgruppe bei der EFSA, bei der DG Santé wéi och a verschiddenen europäesche Referenzlaboen.

An der Chamber sinn ech säit Neistem Member vun der “Délégation luxembourgeoise auprès de l’Assemblée parlementaire de la francophonie” esou wéi vun der “Délégation luxembourgeoise auprès de l’Assemblée parlementaire de l’Union pour la Méditerranée”.