Eis Deputéiert
Keup Fred
De Fred Keup, gebuer de 15. Mee 1980, ass e lëtzebuergeschen Deputéierten an der Chamber zënter 2020 a Geographiesprofessor vu Mamer.
Schoos Alexandra
Ech hunn zu Wien, Bern a Gent (Gand) studéiert. Am Kader vu menger veterinärmedezinescher Spezialisatioun op europäeschem Niveau hunn ech mech mat Direktiven a Reglementer haaptsächlech am Beräich vum Déiereschutz, der Déieregesondheet an der Santé publique befaasst an auserneegesat.
Weidig Tom
Ech hunn an England studéiert an hunn e Bachelor of Science, Master of Science a PhD an der Physik. Doriwwer eraus hunn ech eng Formatioun zum Chartered Financial Analyst absolvéiert. Als Consultant am Risikomanagement hunn ech beim European Investment Fund, Deel vun der Europäescher Investmentbank, geschafft.
Europadeputéierten
Kartheiser Fernand
De fréieren Offizéier an Diplomat ass zanter de Chamberwalen am Joer 2009 Deputéierte fir de Bezierk Süden. Hie war op der Kinneglecher Militärakademie zu Bréissel, wou hie Sozial- a Militärwëssenschafte studéiert huet.