Neien “Dieselskandal” vun der Regierung an der EU?

Nodeems, datt en de Leit wéinst senge méi geréngen CO2-Emissiounen iwwer vill Joren ëffentlech recommandéiert gouf, gëtt den Diesel säit bal zéng Joer konstant verdäiwelt an onméiglech gemaach, wat notamment zu enger kräfteger Steiererhéijung un der Pompel gefouert huet. Des Weidere goufen d’Proprietäre queesch duerch d’EU mat ëmmer neie lokale Fuerverbueter konfrontéiert an d’Norme fir den Ausstouss goufen all puer Joer nei definéiert. Entspriechend ass besonnesch de Wäertverloscht vun eelere Gefierer ausgefall an déi betraffe Leit konnte just nach nokucken. Nodeems et dunn eng Zäitche roueg ginn ass, dréckt Bréissel 500 Milliounen EU-Bierger mat da sougenannter EURO-7-Norm da lo gäre kuerz viru Chrëschtdag alt nees eng Hellewull vun neie Virschrëften op d’Aen, déi elo och schonn d’Bremsen an d’Pneue mataschléissen, also och d’Elektroautoe betreffen. Wat kënnt elo nees op eis Automobilisten, awer och eis Bus- a Camionsentreprisen duer?

Méi liesen – d’ADR trëtt säit ville Jore fir d’Rechter vun den Autosfuerer an

Deel dëse Post: