Den Diesel ass kee Stoussnéckel

Déi däitsch Zäitschrëft Focus ass formell: D’Schuedstoffer an der Loft fale net esou, ewéi ee sech dat bei deem reduzéierte Corono-Stroosseverkéier hätt kéinten erwaarden. De Noriichtemagazin weist zwou Pisten: D’Miessunge vun de Schuedstoffer si falsch, an den Diesel ass bei wäitem net esou schlecht wéi hie vu grénger Politik gemaach gëtt. Béide Spure geet de Fernand Kartheiser an enger parlamentarescher Fro no. Den Transportminister an d’Madamm Ëmweltminister mussen elo Fuerf bekennen: Gëtt den Diesel rehabilitéiert? 

Deel dëse Post: