Europäesche Semester: Schluss mam Diktat vun der Mme Reding!

Cliquez ici pour la version française

Den 29. Mee huet d’EU-Commissioun am Kader vum europäesche Semester hir lännerspezifesch Rekommandatioune presentéiert. D’ADR huet de Lëtzebuerger Volet, dee vun der Madame Viviane Reding virgestallt a kommentéiert gouf, zur Kenntnis geholl an analyséiert.

D’ADR ass am allgemengen der Meenung, datt déi Europäesch Commissioun an hiren Observatiounen net ëmmer falsch läit, mä datt d’Problemer, déi ugeschnidde ginn, mussen um nationalen Niveau geléist ginn. Et ass verwonnerlech, datt de sozialistesche Fraktiounschef an de sozialistesche Minister fir Gesondheet a Sozialversécherung an der Press eng ähnlech Positioun vertratt hunn. Schliisslech ass d’LSAP –  grad wéi all déi aner Lëtzebuerger Parteie mat Ausnam vun der ADR – fir e federaalt Europa, woubäi d’ADR sech fir en Europa vun den Natiounen asetzt.

D’Lëtzebuerger Regierung misst sech um franséische Staatschef e Beispill huelen, deen direkt no der Verëffentlechung vun de Rekommandatioune behaapt huet: „La commission européenne n’a pas à dicter ce que nous avons à faire“.

  1. Gesond Staatsfinanzen

Richteg ass, datt Lëtzebuerg nees eng gesond budgetär Situatioun brauch an datt et an deem Kontext besonnesch wichteg ass den Hiewel op der Säit vun den Depensen unzesetzen – esou wéi et déi Europäesch Commissioun an hirem Dokument festhält a wéi et d’ADR zënter Joren ëmmer nees widderhëlt. Falsch ass, datt eng net gewieltenen EU-Commissioun engem Land virzeschreiwen huet, mat wat fir enge Moossnamen de Staatsbudget nees kann an den Equiliber bruecht ginn.

D’ADR gëtt jiddefalls net midd, op hire Pak vun 10 méigleche Spuermossnamen opmierksam ze maachen, där hir Ëmsetzung ouni Zweifel e Schrëtt an déi richteg Richtung géif duerstellen.

  1. TVA-Erhéijung

Grad wéi déi Lëtzebuerger Regierung ass déi Europäesch Commissioun der Meenung, datt d’TVA sollt erhéicht ginn. Geet et den Häre Juncker a Frieden no, trëtt esou eng Erhéijung am Joer 2015 an; geet et der Madame Reding no, gëtt d’Applikatioun vum reduzéierten TVA-Taux staark ageschränkt.

D’ADR wiert sech géint dës Mesuren, vun deene jiddferee betraff wier, also och a virun allem déi sozial Schwaach. Et sief och drun erënnert, datt d’Kafkraaft vun de Leit an deene leschte Jore souwisou massiv erofgaangen ass, notamment duerch d’Net-Upassung vun der Steiertabell an der Manipulatioun vum Index.

  1. Reform vum Rentesystem

Virun engem hallwe Joer huet d’Chamber d’Rentereform gestëmmt. Och hei huet déi Europäesch Commissioun net Onrecht, wann se ze bedenke gëtt, datt déi Mesuren net duerginn, fir de Pensiounssystem laangfristeg ofzesécheren. Et ass allerdéngs inakzeptabel, datt sech den Här Barroso a seng Frënn aktiv dofir asetzen, datt ee soll vill méi laang schaffe goe fir eng vill méi niddreg Rent.

D’ADR huet an deem Kontext Propositiounen ausgeschafft, déi méi bréngen, wat déi laangfristeg finanziell Ofsécherung ubelaangt, an doriwwer eraus méi sozial gerecht sinn. D’Haaptpunkte vun deene Propositioune sinn en degressiven Ajustement an d’Eropsetze vum Pensiounsalter ëm ee Joer.

  1. Automatesch Lounindexéierung

Och wann sech déi Europäesch Commissioun méi oder wéineger virsichteg ausdréckt, ännert et näischt dorunner, datt si déi automatesch Lounindexéierung ganz staark a Fro stellt. De Premierminister, als Verfechter vum gedeckelten Index, däerf sech sécherlech iwwert dës Bréisseler Ënnerstëtzung freeën.

D’ADR hält et fir wichteg, eng objektiv Diskussioun ze féieren, déi op Fakten an Zuele baséiert, an net op populisteschen Aussoen. Dofir huet den Deputéierte Gast Gibéryen dräi parlamentaresch Froen zum Index gestallt, déi mëttlerweil beäntwert goufen (Index a Fonction publique, Index a Finanzen, Index a Sozialversécherung). Opgrond vun deenen Donnéeën ass et einfach nozeweisen, datt nëmmen d’Entreprisen, déi héich Paien ausbezuelen (notamment d’Banken), vun engem gedeckelten Index géife profitéieren a soss keen.

  1. Jugendchômage

Déi Europäesch Commissioun huet endlech erkannt, datt de Jugendchômage an der EU Ausmoossen ugeholl huet, déi méi wéi besuergniserreegend sinn. Mat Recht weist si drop hin, datt zu Lëtzebuerg vill Jonker net déi Qualifikatiounen opweises hunn, déi um Aarbechtsmarché gefrot sinn. Dëst ass allerdéngs bei wäitem keng nei Erkenntnis.

De Lien tëscht Jugendchômage an Nivellement vers le bas, esou wéi en an de Schoule bedriwwe gëtt, ass evident. D’ADR ass allerdéngs déi eenzeg Partei, déi sech dofir asetzt, datt nees méi Wäert op d’Léiere geluecht gëtt. Mat der ugekënnegter Reform vum Secondaire, déi an déiselwecht Richtung geet ewéi déi vum Enseignement fondamental, gëtt de Problem vum Jugendchômage net geléist, mä verschäerft.

  1. Tanktourismus

Den Tanktourismus stellt fir Lëtzebuerg eng wichteg Akommesquell duer an drop ze verzichte wier grad an ekonomesch schwieregen Zäiten onverantwortlech. Vun 2015 u fält souwisou e groussen Deel vun de Suen, déi duerch den elektronesche Commerce erakommen, ewech. Déi ugekënnegt TVA-Erhéijung bréngt net genuch Recetten eran, fir dëse Verloscht ze kompenséieren. Firwat sech also an en nach méi déift Lach stierzen?

Deel dëse Post: