Dësen Artikel ass an der Spezialeditioun vum Pefferkär fir de 25. Jubiläum vun der ADR publizéiert ginn.

Wéi d‘Madame Educatiounsministesch viru Joren hir Propose fi r d‘Grondschoul presentéiert huet, hu mer ënnert d’Nues geriwwe kritt, datt et mam neie System keng gutt oder schlecht Schüler méi géife ginn. Haut musse mer feststellen: et bleift zwar kee méi sëtzen an et gi keng Punkte méi verdeelt, mä den Niveau geet konstant d’Baach erof. Domadder ass kengem, a scho guer net de Kanner, déi sech enges Daags an enger ëmmer méi konkurrenzstaarker Welt musse behaapten, e Gefale gedoen!

De Bilan vun der schwaarzrouder Schoulpolitik ass een eenzegen Desaster: d‘Reform vun eise Primärschoulen huet näischt bruecht ausser Etiketteschwindel, vill Duerchernee bei den Bilanen an en dramatesche Verfall vum Niveau. Et ass sécher net well d’Examen, d‘Punkten an d’Sëtzebleiwen ofgeschaf gi sinn, datt eis Kanner op eemol méi wëssen oder kënnen. Ganz am Géigendeel.

All Kand huet Fäegkeeten, an d‘Schoul muss do sinn fir dës ze entfalen. Wa schonn esou vill iwwert d’Kompetenzen diskutéiert gëtt, da muss och deenen, déi wierklech grondleeënd sinn, méi Wichtegkeet accordéiert ginn.

Duerch d’Reform ass et net méi selbstverständlech, datt e Kand liesen, schreiwen a rechne kann, ier et an de Lycée kënnt. Dëst misst dach, wat d‘Grondschoul ugeet, d’Haaptzil si vun all Politiker, deen d‘Responsabilitéit vum Educatiounsministère iwwerhëlt.

Et muss nees méi Wäert op d‘Léiere geluecht an och Zäit genuch dofir reservéiert ginn.

Bei der Reform am Secondaire, déi opgrond vu ville Protester elo op emol op déi laang Bänk gedréckt ginn ass, mussen d‘Interessie vun de Schüler am Vierdergrond stoen.

Et mussen op d‘mannst 5 Sektiounen (Sproochen, Mathé, Naturwëssenschaften, Economie a Finanzen, Konscht a Musek) anstatt zwou „Dominanten“ bestoe bleiwen an d’Lëtzebuergescht muss an alle Klassen als obligatorescht Schoulfach agefouert ginn.

D’Schüler musse wuel Freed um Léieren hunn, zu Bierger erzu ginn, mä si mussen dobäi och fit gemeet gi fir den Aarbechtsmaart oder héijer Studien. Och wann e Schüler heiansdo mengt, datt et net ëmmer flott ass fir moies opzestoen a Proff en nozelauschteren, däerf een net vergiessen, datt mer an enger globaliséierter Welt liewen, an där et wichteg ass eppes ze kënnen an ze wësse fir sech duerchzesetzen.

Leider ass et zënter laangem esou, datt engem Schüler, deen de Lëtzebuerger Schoulsystem duerchleeft, net méi dat néidegt Wësse vermëttelt gëtt.

An dat dréit och zum héije Jugendchomage bäi.

Obwuel ganz dacks nëmme vum sougenanntenen “Classique” geschwat gëtt, ass et och wichteg, datt d‘Handwierk nees revaloriséiert gëtt. Déi jonk Leit, déi sech fir dee Wee entscheeden, mussen an hirer Demarche ënnerstëtzt ginn, ënner anerem duerch eng besser Beruffsorientéierung oder och bei der Sich no enger Ausbildungsplaz.

Fir d’Problemer, déi an der Educatiounspolitik bestinn, ze léise brauch een Decisiounen an Aktiounen. Et geet net duer, ëmmer déiselwecht „Spezialisten“ ze froen, an et brauch ee keng grouss Etuden oder e Bilan ofzewaarde fir ze wëssen, wat bei dëser Reform alles schif leeft.

Ob Grondschoul oder Secondaire, Lëtzebuerg verdéngt Schoulen, déi déi nächst Generatiounen op eng net ëmmer einfach Zukunft virbereeden.

Lëtzebuerg verdéngt méi wéi dat, wat d’Regierung unzebidden huet!