D’ADR huet en éischte Pak vun 10 Propositiounen ausgeschafft fir d’Staatsfinanzen nees an den Equiliber ze bréngen. Déi aktuell Situatioun ass méi wéi besuergneserreegend an dofir däerfen et och keng Tabuthemae méi ginn. D’Progressioun vun den Depensë muss nees méi kleng sinn ewéi déi vun de Recetten. Wat d’Besetzung vum Staatsrot ugeet, huet d’ADR decidéiert aus Protest net um Vote deelzehuelen.

De Video zu der Pressekonferenz

De 6. Oktober huet d’ADR hir Journée parlementaire ofgehalen. Ageluede waren net nëmmen den Nationalcomité, mä och Vertrieder aus de Bezierker an aus de verschiddene Sektiounen (Fraesektioun, ADRenalin). D’Conclusioune sinn e Méindeg, den 8. Oktober, der Press virgestallt ginn.

Um Menu vun dëser Journée parlementaire stoung haaptsächlech de Staatsbudget fir d’Joer 2013. Fir d’éischt ass de Gast Gibéryen, Fraktiounschef, op déi aktuell Situatioun agaangen an huet misse feststellen, datt d’Regierung hiert Zil fir bis 2014 den Defizit am Zentralstaat op Null erofzedrécken net méi wäert erreechen. Déi ëffentlech Schold géigeniwwer de PIB klëmmt méi séier wéi virgesinn, obwuel e parteiiwwergräifenden Accord bestoung, datt e Land wéi Lëtzebuerg sech net kéint erlaben, iwwer 30% Defizit ze goen. Dëst beweist d’Handlungsonfäegkeet vun der Regierung, déi net bereet ass déi wierklech Problemer a Léisungen unzegoen, mä nom Prinzip vun der Salamitaktik breede Sozialofbau op Käschte vun der Allgemengheet mécht.

Der ADR no dierfen et keng Tabuthemae ginn. Fir de Budget mëttelfristeg erëm an den Equiliber ze brénge muss d’Progressioun vun den Depensë méi kleng sinn, wéi bei de Recetten. Aus deem Grond huet d’Partei en éischte Pak vun zéng Moossnamen ausgeschafft:

  • All Minister muss an déi zoustänneg Chambercommissioun kommen a säin Departement erklären. Wat si fest Depensen? Wat fir Depensë si vu politeschen oder administrativen Decisiounen ofhängeg (z.B. Subsidien)? Wou ass Spillraum fir ze spueren?
  • Lëtzebuerg brauch eng efficace Kontroll vun de Staatsfinanzen. D’Cour des comptes muss iwwert d’Opportunitéit vu Projeten hiren Avis kënnen ofginn, och wat d’Gemengen ugeet.
  • Wat d’Rentereform ugeet, bréngen d’ADR-Propositioune méi, wat déi laangfristeg finanziell Ofsécherung ubelaangt, a si sinn doriwwer eraus méi sozial gerecht. D’Haaptpunkte vun den ADR-Propositioune sinn en degressiven Ajustement an d’Eropsetze vum Pensiounsalter ëm ee Joer.
  • D’Familljenzoulage mussen an enger eenzeger Allocatioun zesummegeluecht an der Steier ënnerworf ginn. Dëst entsprécht enger administrativer Vereinfachung an ass sozial gerecht. D’Tariffer kéinten an deem Fall fir jiddereen déiselwecht sinn, wat och erëm eng administrativ Vereinfachung an Erspuernis mat sech bréngt.
  • D’Investitiounspolitik muss iwwerkuckt ginn. Lëtzebuerg brauch keng Prunkbaute méi (z.B. Pei-Musée), mä muss sech Prioritéite setzen, déi wichteg fir d’Zukunft sinn. Dofir seet d’ADR Jo zu Schoulen, Spideeler a Kläranlagen, mä Neen zu Tram, Arméisfliger, Velodrom a Fussballstadion.
  • D’Contributioun vu Lëtzebuerg un international Institutioune muss nei verhandelt ginn. Am Ament bezilt de Lëtzebuerger Staat bei verschiddenen Institutiounen am Verhältnis zu anere Länner méi héich Contributiounen.
  • D’Masse salariale beim Staat a bei de Gemenge muss blockéiert ginn. D’ADR ass der Meenung, datt nëmmen déi normal Augmentatiounen dierfe realiséiert ginn (z.B. Index, Avancementer). E prinzipiellen Astellungsstopp ass néideg. Dofir sollten nëmmen nach Leit agestallt ginn, wou der och noweisbar feelen. Am Géigenzuch mussen awer op anere Plaze posten agespuert ginn. Ausserdeem däerf et net zu engem Accord salarial an dëser Legislaturperiod kommen; d’ADR géing eng Gehälterrevisioun mat méi niddregen Ufanksgehälter begréissen. D’Mobilitéit an de Wiessel tëschent de Verwaltunge muss vereinfacht ginn an de Staat muss sech, nieft der Reforme an der Simplification administrative, op Käraufgabe limitéieren. D’ADR wëll kee Bewäertungssystem an der Fonction Publique. Dëst géing nëmmen zu enger Politiséierung vum ëffentlechen Déngscht féieren. Ausserdeem misst nees eng eege Verwaltungsstruktur opgebaut ginn, fir de Bewäertungssystem ze geréieren.
  • D’Entwécklungshëllef muss op 0,7% vum Bruttonationalakommes zeréckgesat ginn. Wéi et dem Lëtzebuerger Staat finanziell ganz gutt gaangen ass, ass de Prozentsaz fräiwëlleg op 1,0% eropgesat ginn. Haut gesäit d’Situatioun anescht aus an dofir ass et wichteg nees op déi 0,7 % erofzegoen. Ausserdeem soll dofir gesuergt ginn, datt bei Investitiounen an Entwécklungshëllef och d’Lëtzebuerger Betriber méi kënnen dovu profitéieren.
  • Lëtzebuerg brauch e verantwortlechen a bezuelbaren Ëmweltschutz. Dofir mussen déi iwwerdriwwe Kompensatiounsmoossnamen ofgeschafe ginn.
  • D’Relatioun tëscht Staat a Kierche muss iwweduecht ginn. D’ADR huet kenger Konventioun zougestëmmt a trëtt fir den italienesche System „otto per mille“ an. Doduerch kritt all Bierger d‘Recht selwer ze decidéieren, ob a wat fir eng Kierch hie wëll ënnerstëtzen.

Nieft dem wichtegen Dossier vun den ëffentleche Finanzen ass op der Journée parlementaire och festgehale ginn, datt d’ADR-Deputéierten net wäerten um Vote zur Besetzung vum Staatsrot deelhuelen an zu deem Zäitpunkt och de Sall verloossen. Déi meescht Membere vun dëser Institutioun hunn en direkte Lien vun der CSV an dat kann d’ADR net méi akzeptéieren, virun allem wann ee bedenkt, datt eng Reform schonn dacks versprach, mä ni ëmgesat gouf.

Den 1. Dezember wäert sech d’ADR méi intensiv mat der Verfassungsreform beschäftege fir duerno zu deenen eenzelne Punkte Stellung ze huelen.

Net op Käschte vun de Famillje spueren!

Fir dat schwieregt Joer ass d’Regierung selwer verantwortlech!

D’Spuerpropositioune vun der ADR