Walbezierker: d’ADR huet eng Gesetzespropositioun deponéiert

Den 21. Mäerz huet d’ADR eng Gesetzespropositioun deponéiert mam Zil d’Walgesetz esou z’änneren, datt eng méi gerecht Verdeelung vun de Sëtz pro Bezierk erreecht gëtt. Virun de Wale sollen op Basis vun den ageschriwwene Wieler d’Zuel vun de Mandater pro Bezierk festgeluecht ginn.

D’ADR hat schonns virun e puer Joer op d’Ongerechtegkeeten am Lëtzebuerger Walsystem higewisen. Am Zentrum kënnt een Deputéierten op 3008 Wieler, mä am Süden brauch een dofir 3909 Wieler, am Osten der 4353 an am Norden der net manner wéi 4428. D’ADR proposéiert dowéinst, datt – virun de Walen – d’Zuel vun de Mandater pro Bezierk op Basis vun den ageschriwwene Wieler festgeluecht gëtt. Op der Basis vun de Wielerzuelen aus dem Joer 2009 géif d’Verdeelung esou ausgesinn : 24 Sëtz fir de Süden (+1), 17 Sëtz fir den Zentrum (-4), 11 Sëtz fir de Norden (+2) an 8 Sëtz fir den Osten (+1).

Hei kënnt Dir d’Gesetzespropositioun, déi d’ADR deponéiert huet, noliesen.

Lieserbréif vum Éierepresident Roby Mehlen: Verfassungswidriges Wahlrecht?

 

 

 

Deel dëse Post: