Den Artikel 10 bis (1) vun der Constitutioun seet, datt d’Lëtzebuerger gläich sinn virum Gesetz. Ass dëst och de Fall bei der Verdeelung pro Bezierk vun de Mandater fir an d’Chamber ?

An enger Pressekonferenz hunn de Roby Mehlen (President), de Roy Reding (Generalsekretär) an de Gast Gibéryen (President vun der Fraktioun) de 26. August 2010 op Ongerechtegkeeten vun onsem Walsystem opmierksam gemeet.

Am Zentrum kënnt een Deputéierten op 3 008 Wieler. Am Süden brauch een dofir 3 909 Wieler, am Osten der 4 353 an am Norden der  nët manner wéi 4 428.  De Roby Mehlen stellt d’Fro : « ass dëst mat der Verfassung compatibel, ass sou all Lëtzebuerg gläich virum Gesetz ? »

Am Joer 1988 ass d’Zuel vun den Deputéierten op 60 begrenzt ginn, dëss Zuel ass an der Verfassung verkankert ginn. D’Gesetz – och aus dem Joer 1988 – verdeelt dëss Mandanter op d’Bezierker : 23 fir de Süden, 21 fir den Zentrum, 9 fir de Norden a 7 fir den Osten.

Op der Basis vun de Wielerzuelen aus dem Joer 2009 misst dës Verdeelung awer esou ausgesinn : 24 Sëtz fir de Süden (+1), 17 fir den Zentrum (-4), 11 Sëtz fir de Norden (+2) an 8 Sëtz fir den Osten (+1).

Eng kléng Zuel vu Sëtz an engem Bezierk sëtzt d’Hürd emsou méi héich fir e Mandat ze errechen. Dësst gouf schons 1988 an der Chamber débattéiert. An trotz 9,51 % vun de Wielerstëmmen krut d’ADR 2009 am Osten kee Mandat.

Den aktuelle Walsystem benodeelegt ganz besonnesch déi kléng Parteien. Op nationalem Plang hätt d’ADR, mat 8,13%, 5 vu 60 Mandater an der Chamber zegutt, op Grond vun de Resultater an de Bezierker bleiwen der awer nëmmen 4 iwwreg.

Am Prinzip misst een d’Verfassungsgeriicht (« Cour constitutionnelle ») mat der Fro befaassen : ass onst Walgesetz mam Artikel 10bis vun der Constitutioun (« d’Lëtzebuerger sinn gläich virum Gesetz ») am Aklang ?

D’Gremien vum ADR hunn awer beschloss d’Fro vun der gerechter Opdeelung vun de Mandater um politeschem Plang unzegoen, am Dialog mat deenen aneren Parteien, mat den Deputéierten a mat der Chamber.

D’Léisung kéint esou ausgesinn :

  • Virun de Walen ginn op Basis vun den ageschriwwene Wieler d’Zuel vun de Mandater pro Bezierk festgeluecht.
  • Et gëtt no de Wal gepréift, op all Partei esou vill Mandater (aus de véier Bezierker) krut wéi et dem nationalem Walresultat entsprécht. Wann net kritt d’Partei en « iwwerhang Mandat » an d’Zuel vun den Deputéierten kann iwwer 60 eraus goen.