Verwaltungsgeriicht beschwéiert sech iwwert de Minister Asselborn

Et dierft eemoleg sinn, datt e Geriicht a sengem “Rapport d’activité” sech iwwert ed’Attitude vun engem Minister beschwéiert an dee mam Numm nennt. Esou steet et awer schwaarz op wäiss am Joresbericht vum Verwaltungsgeriicht. Net nëmmen ass dës Instanz iwwerfuerdert mat der Zuel vun Asyldossieren, mee si huet och nach ze kämpfen mat engem Immigratiounsminister, dee sech dacks iwwert hir Decisiounen an iwwert déi vun sengem Immigratiounsministär géif ewechsetzen. Dem Minister seng Decisiounen wäre beaflosst vun enger ONG, déi och géif derzou opruffen, Geriichtsdecisiounen net ze respektéieren. Als Resultat géingen d’Magistraten sech froen, wat hir Aarbecht nach wäert wär, a munnech Riichter vum Verwaltungsgeriicht wären an de leschte Joren fräiwëlleg hirer Wee gaangen.

An deem Kontext huet de Fernand Kartheiser eng parlamentaresch Fro un den Immigratiounsminister geriicht.

Deel dëse Post: