Verschenkt den Aarbechtsministère Suen u ProActif?

Ëmmer rëm geréit d’Beschäftegungsinitiativ ProActif negativ an d’Schlagzeilen, net zulescht wéinst dem mangelhaften Ëmgang mat Steiersuen. Wéi den Aarbechtsminister Georges Mischo am Kader vun enger parlamentarescher Fro lo zouginn huet, sténkt de Fësch och vum Kapp hier. De Ministère selwer huet sech fir déi 25 Milliounen Euro déi e mëttlerweil ausbezilt, mol kee Stëmmrecht am Verwaltungsrot ausgehandelt. Ginn de Leit hir Suen ënnert deenen Ëmstänn net quasi verschenkt? Wéini gëtt hei nogebessert?

Hannergrond

Deel dëse Post: