Rechtsongëlteg Entloossung bei ProActif?

D’ProActif SIS S.à.r.l. (fréier A.S.B.L.) huet net nëmmen hiren Direkter entlooss, mee sech och zum ongewéinleche Schratt entscheet, dës Decisioun onmëttelbar der Press matzedeelen. Opgrond vun de Virwërf huet kuerz drop och den LCGB ëffentlech annoncéiert, de betraffenen Direkter aus der Rei vun hire Memberen auszeschléissen. Esou wuel d’Prozedur, wéi och d’Virwërf u sech sti verschiddenen Presseartikelen no awer op wackelege Féiss. Den Aarbechtsminister wëll sech entgéint sengen ursprénglechen Aussoen net weider mam Fall beschäftegen, obwuel d’Beschäftegungsinitiativ aus sengem Haus reegelméisseg ëffentlech Gelder empfänkt an dobäi an der Vergaangenheet och scho fir ferm Skandaler gesuergt huet.

Deel dëse Post: