Verkéierssituatioun op der Lëtzebuerger Strooss: d’Fro vum ADR-Gemengeconseiller un de Schäfferot

Den ADR-Gemengeconseiller huet dem Diddelenger Schäfferot dës Fro zu der Verkéierssituation op der Lëtzebuerger Strooss gestallt.

Dir Hären,

All moies tëschent 6.45 an 8.20 Auer , während dem Beruffsverkéier forméiert sech op der Lëtzebuerger Strooss aus Diddeleng eraus e Stau. Ëmmer méi Autofuerer benotzen e sougenanntenen Schläichwee fir de Stau ze ëmfueren a schafe domadder zousätzlech Problemer.

Géigeniwwer  vun der Aral Tankstell fueren se an rue Abbé Lemire, duerch rue Nic Bodry , duerch rue Ribbeschponf fir am Rondpoint op der Lëtzebuerger Strooss eraus ze kommen.

Eichtens  ass et eng enorm Belaaschtung fir d’Bewunner vun der rue Abbé Lemire, der rue Nic Bodry, an der rue Ribbeschpont.

Zweetens ass et eng zousätzlech Geforequell fir d’Kanner, déi an d’Schoul ginn.

Drëttens vergréissere se de Stau op der Lëtzebuerger Stroos,s well se wann se an de Rondpoint erafueren, Virfahrt op déi aner Autofuerer hunn, déi vun der Lëtzebuerger Strooss an de Rondpoint erakommen.

Dës Zoustänn si säit Joere bekannt.

Am Bezuch op d’Gemengegesetz, erlaben ech mer folgend Froen ze stellen, déi ech Iech bieden an der nächster Gemengerotssëtzung ze beäntweren.

  1. Aus wat fir engem Grond  ass bis elo net no enger Léisung gesicht ginn?
  2. Kann de Schäfferot sech virstellen ze intervenéieren an d’rue Nic Bodry als Strooss mam Signal C,2 „circulation interdite dans les deux senses sauf riverains et leus fournisseurs “ ze kennzeechnen?
  3. Kann de Schäfferot sech virstellen, an den éischten Deeg mat regelméissege Kontrollen an enger einfacher Verwarnung ouni Geldstrof, an an der Zäit duerno mat sporadesche Kontrollen an engem „avertissement taxé“, dofir ze suergen, datt dëst Reglement agehale gëtt?

Mat beschte Gréiss,

Marc Schiffmann

Lëtzebuerger Strooss: Wéini gëtt de Verkéiersproblem geléist?

Deel dëse Post: