Lëtzebuerger Strooss: Wéini gëtt de Verkéiersproblem geléist?

Den ADR-Gemengeconseiller Marc Schiffmann huet an enger Fro un den Diddelenger Schäfferot op déi geféierlech Verkéierssituatioun an der Lëtzebuerger Strooss higewisen an d’Sozialisten doduercher zur Ried gestallt. D’ADR ka sech nëmmen iwwert d’Äntwert wonneren a verlaangt, datt endlech eng Léisung fonnt gëtt.

An der Äntwert op d’Fro vum Gemengeconseiller Marc Schiffmann huet de Schäfferot erkläert, datt d’Gefor meeschtens vun anerer Natur ass, nämlech wann Elteren sech onverantwortlech virum Schoulhaff geparkt hunn.

Et mag sinn, datt deen Ëmstand och eng Gefor duerstellt. Mä d‘Gefor, déi duerch déi vill Autoen, déi laanschtfueren, entsteet, ass dofir net manner grouss!

Zu der Fro N° 1 huet  et an der Äntwert  geheescht, et wier schonn a sëlleche Sëtzunge vun der Verkéierskommissioun iwwert dës Situatioun diskutéiert ginn, ouni datt eng zefriddestellend Léisung fonnt ginn ass. Ausserdeem wier de Verkéiersbüro Komobil  mam Ausschaffe vu Léisungsvirschléi beoptragt ginn, déi dem Schäfferot awer nach net am Detail virleien.

Wann ee bedenkt, datt d’ADR dës Problematik scho virun 11 Joer zur Debatt bruecht huet, ass et schonn erstaunlech, datt nach keng Léisung fonnt ginn ass!

Zu der Fro N° 2 heescht et ënner anerem d’Propositioun vun engem C2-Schëld (Allgemeines Fahrverbot) wier och dëm Schäfferot net nei, mä et wier duerch déi staatlech Verkéierskommissioun am Moment net méiglech an enger Tempo 30 Zone nach zousätzlech ze reglementéieren.

D’ADR ass  der Meenung, datt een och mat der Tempo 30 Zone eng Léisung fanne kann.

Bei der Fro N° 3 mengt de Schäfferot, datt d’Police aus personaltechnesche Grënn Problemer huet, sou e Reglement iwwerhaapt op der Plaz ze kontrolléieren.

De Schäfferot huet och gemengt, esou en „Allgemeines Fahrverbot“ wier op gutt Lëtzebuergesch Lastik: jiddfereen, dee bei en Awunner op Besuch goe wëll oder dat och just behaapt,  dierft an esou reglementéiert Stroossen erafueren.

Wann dat esou ass, datt all déi Reglementatiounen, déi vun der Police aus personaltechnesche Grënn net op der Plaz  kontrolléiert kënne ginn, kee Sënn maachen, da  kënne mer jo och op all déi aner Reglementer verzichten. Wann en C2-Schëld wéi Lastik ass, da kënne mer dat Schëld jo ganz ofschafen. D’ADR fënnt dës Äntwert  méi wéi verwonnerlech

Et bleift ze hoffen, datt et esou séier ewéi méiglech eng Léisung fonnt gëtt an net erëm Jore verginn. D’ADR bleift um Ball a wäert och weider nohaken.

Verkéierssituatioun op der Lëtzebuerger Strooss: d’Fro vum ADR-Gemengeconseiller un de Schäfferot

Deel dëse Post: