Umeldung vu Gefierer aus der Ukrain: Keng Ausnamereegelung!

A Sachse gouf et fir den Zäitraum vun engem Joer eng Ausnamereegelung fir Gefierer aus der Ukrain. Se missten net verséchert sinn a konnten trotzdeem um Verkéier deelhuelen. D’Ausnamereegelung gouf, well se a ville Fäll ausgelaf wier, bis den 30 Juni verlängert. An der Ukrain zougeloossen Autoe mat enger Auto-Haftflichtversécherung däerfe weider um Verkéier deelhuelen.

De Fernand Kartheiser huet an deem Kader eng parlamentaresch Fro gestallt, fir ënner anerem rauszefannen, op et fir Gefierer aus der Ukrain a Lëtzebuerg och eng Ausnamereegelung fir d’Umeldung an d’Versécherung gëtt.

Deel dëse Post: