Tornado-Affer: elenggelooss a vergiess?

En Tornado huet am August 2019 ville Leit am Süde vum Land grousse Schued a Misär gemaach, besonnesch betraff waren d’Gemenge Käerjeng a Péiteng. Haut, knapp en halleft Joer méi spéit, sinn ëmmer nach Leit, déi de Schued bis haut net reparéiert kruten, well Versécherungsgesellschaften net dofir opkomme wëllen.

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser wëllt vun der Familljeministesch wëssen, wat déi betraffe Leit maache kënnen, fir déi néideg Hëllef ze kréien.

Deel dëse Post: