„Tax Liberation Day“: Schluss mat der Geldverschwendung an de Steiererhéijungen!

Vun 2011 op 2013 ass déi reell Steierlaascht fir den duerchschnëttleche Steierzueler zu Lëtzebuerg vun 37,14% op 39,69% eropgaangen. Dat geet aus enger rezenter Etude ervir, an där och berechent gouf, datt dëst Joer den „Tax Liberation Day“ fir Lëtzebuerg op de 25. Mee fält. Dat ass den Dag, op deem den duerchschnëttleche Steierzueler genuch verdéngt huet fir seng Steieren ze bezuelen. D’ADR seet an deem Kontext ganz kloer: Schluss mat der Geldverschwendung a Schluss mat de Steiererhéijungen!

Eng europäesch Etude confirméiert op en Neits dat, wat d’ADR ëmmer nees am Bezuch op d’Budgets- a Finanzpolitik widderhëlt: d’CSV-LSAP-Regierung huet mat de Steiererhéijungen net de richtegen, mä den einfache Wee gesicht. Esou ass zu Lëtzebuerg déi reell Steierlaascht fir den duerchschnëttleche Steierzueler an deene leschten zwee Joer vun 37,14% op 39,69% an d’Luucht gaangen.

Dëst bréngt mat sech, datt den „Tax Liberation Day“ fir Lëtzebuerg ëmmer méi spéit fält: 2011 war et nach de 17. Mee, dëst Joer ass et de 25. Mee. Den „Tax Liberation Day“ entsprécht deem Dag am Joer, bis op deem den duerchschnëttleche Steierzueler nëmme geschafft huet fir seng Steieren ze bezuelen. Bei enger fiktiver, duerchschnëttlecher Steierlaascht vun 33% géif de Steierzueler also een Drëttel vum Joer nëmme schaffe goe fir de Staat ze finanzéieren.

Dës Zuele sinn an enger Etude vun New Direction – The Foundation for European Reform, dem Think tank vun der AECR (Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten), an där d’ADR Member ass, erëmzefannen. Dëst Dokument huet de groussen Avantage, datt vill wichteg Donnéeë berücksichtegt ginn: d’Steieren um Revenu, d’Contributioune fir d’Sozialversécherung, d’TVA an de Bruttoakommes. Dorausser ergëtt sech eng Steierlaascht, déi vum duerchschnëttleche Steiersaz am méi enke Sënn ofweecht, mä méi der Realitéit entsprécht.

D’ADR erënnert dorunner, datt d’Regierung an d’Gemengen d’Steierlaascht an d’Taxen an deene leschte Joren dauernd erhéicht hunn; datt d‘Steiertabell zënter Joren net méi ugepasst ginn ass; datt de Präis vum Waasser, vum Ofwaasser an vum Elektresche massiv an d’Luucht gaang ass an datt de Gas och nach soll méi deier ginn.

D’ADR wiert sech géint dës Tendenz an huet virun der leschter Budgetsdebatt eng Rei vu Spuerpropositiounen ausgeschafft a virgestallt. Der Geldverschwendung an de Steiererhéijunge muss jiddefalls en Enn gesat ginn!

Hei uklicken, fir d’Etude vun New Direction – The Foundation for the European Reform nozeliesen:

Hei uklicken, fir d’Spuerpropositioune vun der ADR nozeliesen

 adr: Schluss mat der Hausse vun der Steierlaascht (news.rtl.lu)

Deel dëse Post: