Sou dirängelen déi Gréng eis Autoschaufferen

Iwwerall am Land kann ee beobachten, datt d’Abuchtunge vu Bushaltestelle op eemol zeréckgebaut ginn. Op Nofro, firwat e System, dee joerzéngtelaang gutt funktionéiert huet, op eemol ouni erkennbar Nout ofgeschaaft gëtt, äntwert de Verkéiersminister François Bausch, déi Moossname wieren ënner anerem op “international Etuden” zeréckzeféieren. Mat dem Här Bausch senger erkläerter Politik, d’Leit ze “motivéieren” op den Auto ze verzichten, huet et bestëmmt näischt ze dinn.

Deel dëse Post: