Schoul: Wéi ginn d´Defiziter opgeschafft?

Online-Nohëllef an Appui-Stonne sollen d´Defiziter reduzéieren, déi duerch d´Ëmstänn am Krisenzoustand entstane sinn. Den Appui soll duerch Unistudenten an der Ausbildung zum Enseignant geleescht ginn. Den Educatiounsminister huet scho mol ëffentlech bestätegt, datt d´Studente selwer nach sproochlech a mathematesch Defiziter opzeschaffen hunn.

Wéi stellt den Educatiounsminister sécher, datt d´Studenten, déi néideg Viraussetzunge fir den Appui matbréngen? Kéinten net brevetéiert Enseignanten, déi op detachéierte Poste schaffen, fir den Appui engagéiert ginn?

 

Deel dëse Post: