Rechnunge vun der Post: Gouf d’Privatsphär verletzt?

Am Januar 2020 kruten eng Rei Clienten vun der Post e Bréif an deem steet, datt hir Telefonsrechnung fir Dezember un eng aner Persoun („Empfänger“) geschéckt gouf.  Hu mir et also hei mat enger Violatioun vun der Privatsphär ze dinn?

Laut Regierung huet d’Post uginn datt 512 Cliente betraff ware, well se eng oder méi Rechnunge kruten déi net fir si waren. 586 weider Clienten hunn hir Rechnung guer net kritt well se un aner Empfänger geschéckt goufen. Den Tëschefall wär op eng Pann bei der Gestiouns-Software fir d’Clienten zeréckzeféieren.

Liest hei déi ganz Äntwert vun der Regierung!

Deel dëse Post: