Qualitéit brauch Zäit … am Gesondheetswiesen

De Jeff Engelen kuckt do, wou et wéi deet. Iwwerfuerdert Dokteren a besonnesch Krankefleeger schaffe mat der Stoppauer vum Patron am Genéck, net anescht wéi a profitorientéierte Betriber. Eenzegen Ënnerscheed: Am Spidol zielt net nëmmen de Profit mee och an haaptsächlech dem Patient an dem Krankepersonal hir Gesondheet.

Fro

Den „Time Management“ huet sech an der Wirtschaft duerchgesat. Säin Zil ass et, d’Produktivitéit ze steigeren, andeems fir all Aarbecht, déi am Betrib ufält, eng Zäit errechent gëtt, déi d’Salariéen anhale mussen. Déi Praxis, déi an alle Secteure scho fir vill Onzefriddenheet gesuergt huet, ass och am Gesondheetswiese verbreet. An och hei héiert ee vu Gesondheetspersonal, datt déi Zäite fir vill Patienten ze knapp bemooss sinn an datt déi knapp Zäit zu Laaschte vun der Qualitéit vum Zerwiss a vun der Gesondheet vu Patient a Personal geet. Duerfir hätt ech dës Froen un déi zoustänneg Ministeren:

  1. Kontrolléiert d’Regierung um Aarbechtsmaart, wéi realistesch d’Zäitvirgabe vun Entreprise fir hir eenzel Missioune sinn, fir sécherzestellen, datt den Drock op d’Salariéen net ze grouss gëtt?
  2. Wa jo, wéi eng Verwaltung ass fir esou Kontrollen zoustänneg?
  3. Wann neen, wär net op mannst am Gesondheetswiesen esou eng Kontroll ubruecht, well et hei jo net just ëm d’Produktivitéit vun engem Betrib geet, mee haaptsächlech ëm d’Wuelbefanne vum Patient? Wéi eng Verwaltung aus dem Gesondheetswiesen ass fir esou Kontrolle geeegent?
  4. Ass et net um Gesondheetsministère fir bis an den Detail Zäitvirstellunge fir medezinesch Handlunge festzeleeën an dës mat der Realitéit an de Spideeler a besonnesch de personelle Méiglechkeete vun dësen ze konfrontéieren – dëst am Kader vun der Suerg ëm eng qualitativ héichwäerteg Medezin?
  5. De Problem vun de Maternitéën ass jo an der Aktualitéit. Mee net nëmmen hei geet et bei Dokteren, Infirmieren an Infirmièren ëm d’Attraktivitéit vum Beruff a leschten Enns drëm, genuch Personal ze fannen. Gëtt et eng Lëscht vun deene Spidolsdéngschter, déi am meeschten ënner Personalnout leiden, zum Beispill Radiographie oder Anästhesie?
  6. Wat mécht d’Regierung fir Lëtzebuerg fir Spidolspersonal an Dokteren attraktiv ze maachen? Gëtt et en Dialog mat de Spideeler fir Prioritéiten ze setzen a Personalproblemer ze diskutéieren?

Äntwert

Gemeinsam Äntwert vun der Madamm Gesondheetsministesch, vum Här Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a vum Här Minister fir Sozial- a Solidarwirtschaft op d’parlamentaresch Fro n° 6180 vum 11. Mee 2022 vum honorabelen Deputéierten Här Jeff Engelen.

 

  1. Kontrolléiert d’Regierung um Aarbechtsmaart, wéi realistesch d’Zaïtvirgabe vun Entreprise fir hier eenzel Missioune sinn, fir sécherzestellen, datt den Drock op d’Salariéen net ze grouss gëtt?

 D‘Organisatioun vun den Aarbechtsofleef an d‘Kontroll vum „Time Management“ falen ënnert déi legal Dispositioune vum Aarbechtsrecht an d‘Responsabilitéit vun den Entreprisen an d‘Prinzipien ginn spezifesch respektiv am gewerkschaftlechen Échange duerch Kollektivverträg festgehalen.

  1. Wa jo, wéi eng Verwaltung ass fir esou Kontrollen zoustänneg?

 D’Inspection du travail et des mines (ITM) ass fir d‘Kontroll punkto Aarbechtsrecht zoustänneg.

  1. Wann neen, wär op mannst am Gesondheetswiesen esou eng Kontroll ubruecht, well et hei jo net just ëm d’Produktivitéit vun engem Betrib geet, mee haaptsächlech ëm d’Wuelbefanne vum Patient? Wéi eng Verwaltung aus dem Gesontheetsweisen ass fir esou Kontrolle geeegent?

 Am Gesondheetssekteur ginn fir d’Spideeler d’Arbechtsorganisatioun an dorobber baséierend d’Normen fir d’Pflegepersonal duerch déi paritéitesch Commission des normes am Kader vun der Convention FHL- CNS fixéiert. D’Commission des normes stellt d’Méthodologie op am Zesummenhang mat den Normen wat d’Personal an de Spideeler betrëfft an kontrolléiert och dass des Normen à jour sinn (cf. https://fhlux.lu/web/lassociation/commissions/). De Suivi vum Wuelbefanne vum Spidolspersonal gëtt assuréiert vum SIST – FHL, deen den Service de santé au travail fir d’Etablissementer vun der FHL duerstellt.

Am stationäre Beräich erlaabt den Outil PRN fir d’Aktivitéiten ze norméieren an dotéieren. Am ambulanten Beräich ass et eng paritéitesch Verhandlung tëschent FHL an CNS déi d’Normen fixéiert an aktualiséiert.

Global kann ee fir d’Spidolswiesen awer ervirhiewen, dat déi nei Technologien och sollen eng Entlaaschtung fir d’Personal mat sech bréngen, duerch e méi einfachen Echange vun Informatiounen, en automatiséierten Traitement vun den Donnéeën etc., déi d’administrativ Aarbecht sollen erliichteren a reduzéieren. Dëst ass och ee vun den Ziler vun der Digitaliséierung am Gesondheetswiesen an haaptsächlech an de Spideeler.

Den Chief Nursing Officer deen beim Gesondheetsministère ugesidelt ass, ass ënner anerem och fir d ‘Wuelbefannen vum Gesondheetspersonal zoustänneg an stëllt eng Ulaafstell fir d’Gesondheetsberuffler duer. D’Wuelbefannen vum Gesondheetspersonal geet “de pair” mam Wuelbefannen vum Patient.

Doriwwer eraus ass den Chief Nursing Officer och am regelméissegen Kontakt mat der Association Nationale des Infirmières/iers de Luxembourg (ANIL) an tauscht sech iwwer eventuell Problemer an Verbësserungsméiglechkeeten am Beruff aus.

D’Universitéit vun Lëtzebuerg, en Collaboratioun mat der ANIL, huet am Abrëll 2021 d’Etüd “LetzCare” lancéiert. Den Objektiv vun dëser Étude ass erauszefannen wei d’Infirmières/iers déi zu Lëtzebuerg schaffen, hiren Alldag emfannen an den Exigencen, déi mam Ausüben vun hirem Beruff verbonnen sinn, gerecht ginn. 735 Infirmières/iers hunn un der Étude deelgeholl. Déi definitiv Resultater vun der Étude wäerten dem Gesondheetsministère viraussiichtlech am Hierscht presentéiert kënne ginn.

  1. Ass et net um Gesondheetsministère fir bis an den Detail Zätvirstellunge fir medezinesch Handlung festzeleeën an dës mat der Realitéit an de Spideeler a besonnesch de personelle Méiglechkeete vun dësen ze konfrontéieren – dëst am Kader vun der Suerg ëm eng qualitativ héichwärteg Medezin?

 Am Gesondheetssekteur ginn fir d’Spideeler d’Arbechtsorganisatioun an dorobber baséierend d’Normen fir Pflegepersonal duerch déi paritéitesch Commission des normes am Kader vun der Convention FHL-CNS fixéiert.

Am Kader vun der Reform vun den Attributiounen vun den Gesondheetsberuffer wäert doriwwer eraus och den Fokus verstäerkt op den alldeeglechen Ratio Zäitopwand-Aktivitéiten vun den Gesondheetsberuffler geluecht ginn sou wéi och op d’Kommunikatioun an d’Relation thérapeutique zwëschen dem Patient an dem Soignant, dëst fir souwuel d’Wuelbefannen vun den Soignant’en wéi och vun den Patienten ze garantéieren.

  1. De Problem vun de Maternitéën ass jo an der Aktualitét. Mee net nëmmen hei geet et bei Dokteren, Infirmieren an Infirmièren ëm d’Attraktivitéit vum Beruff a leschten Enns drëm ,genuch Personal ze Gëtt et eng Lëscht vun deene Spidolsdéngschter, déi am meeschten ënner Personalnout leiden, zum Beispill Radiographie oder Anästhesie?

 Déi verschidden Organisme vun der sozialer Sécherheet hunn keng Donnéeën déi et géifen erlaben op d‘Froe vum honorabelen Deputéierten iwwer de Recrutementsmangel ze äntweren.

D’Determinatioun vun de Besoine punkto Personal vun deene verschiddene Spidolsdéngschter, baséiert op engem standardiséierte System wou d’Zäite fir déi verschiddenen Aktivitéiten definéiert sinn. Doraus ergëtt sech d’Unzuel u Personal wat néideg ass, fir d’Aktivitéit ze bewältegen. Wann awer d’Aktivitéit méi héich ass, dann ass et natierlech méiglech Upassunge virzehuelen (temporär oder permanent), esou ewéi dat bei der COVID-19 Pandemie de Fall war. Mëttel- a Laangfristeg soll awer e neie System den aktuelle “PRN”-System ersetzen, deen dann d’Besoine vun de Spideeler grad ewéi d’Exigenze vun enger Budgetisatioun besser erfaasse kann.

  1. Wat mécht d’Regierung fir Lëtzebuerg fir Spidolspersonal an Dokteren attraktiv ze maachen? Gëtt et en Dialog mat de Spideeler fir Prioritéiten ze setzen a Personalproblemer ze diskutéieren?

 Verschidden Punkten am Zesummenhang mat dëser Fro ginn am Kader vum Gesondheetsdësch diskutéiert. Ënnert anerem wäert eng Campagne am September lancéiert ginn déi den Fokus op d’Promotioun an d’Valorisatioun vun den Gesondheetsberuffer leet.

 

Deel dëse Post: