Proposition de loi vun der ADR fir d‘Pressefräiheet ze verdeedegen! (VIDEO)

Den 2. Juli 2013 huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser eng Proposition de loi deponéiert, an där et drëms geet d’Presse- a Mediefräiheet ze verdeedegen. Virun engem Joer ass e Gesetz gestëmmt ginn an a Kraaft getrueden, dat net nëmmen an den Ae vun der ADR, mä och an deene vum Presserot e Verstouss  géint d‘Pressefräiheet duerstellt. Mat senger Initiativ setzt sech de Fernand Kartheiser dofir an, datt dës Gesetzesännerung nees réckgängeg gemaach gëtt. Déi aktuell Situatioun ass nämlech déi, datt zu Lëtzebuerg de Risiko besteet vu Poursuitë géint Journalisten, nëmme well se iwwert Evenementer berichten, déi als Diskriminatioun tëscht Mann a Fra ugesi ginn.

Fir d’Wichtegkeet vum Fernand Kartheiser senger Proposition de loi ze verstoen, muss een d’Virgeschicht an dësem Dossier kennen. Am Joer 2007 ass eng EU-Direktiv ëmgesat ginn, déi als Zil hat de Prinzip vun der „égalité de traitement entre les femmes et les hommes dans l’accès à des biens et services et la fourniture de biens et services“ zegarantéieren. Nieft der Edukatioun ass och de Contenu an de Medien explizit vun de Beräicher, déi dovunner betraff sinn, ausgeschloss ginn.

Dräi Joer méi spéit huet d’Chancëgläichheetsministesch e Gesetzprojet deponéiert fir de Contenu an de Medien aus deem Text ze sträichen. U sech ass just een Tiret aus dem Gesetz erausgeholl ginn, mä d’Konsequenzen dovunner kënne gravéierend sinn.

De Fernand Kartheiser huet schonn deemools am Kader vun enger Pressekonferenz op d’Gefore vun där Gesetzesännerung opmierksam gemaach. De Presserot huet sech och ganz kritesch zu där Initiativ geäussert. De Gesetzprojet ass trotzdem am Juni 2012 an der Chamber gestëmmt ginn.

Déi aktuell Situatioun ass also déi, datt zu Lëtzebuerg de Risiko besteet vu Poursuitë géint Journalisten, nëmme well se iwwert Evenementer berichten, déi als Diskriminatioun tëscht Mann a Fra ugesi ginn. D’ADR ass, grad wéi de Presserot, deen sech deslescht un d’Chamber adresséiert huet, der Meenung, datt dëst en inakzeptable Verstouss géint d’Pressefräiheet duerstellt.

Hei oder déi éischt Säit uklicken, fir d’Proposition de loi am PDF-Format erofzelueden!

Pressekonferenz: “D’Pressefräiheet ass a Gefor!” Lëtzebuerg = Ungarn? (VIDEO)

De Presserot deelt d’Meenung vun der ADR!

Deel dëse Post: