Den 21 Januar 2011 hat d’ADR eng Pressekonferenz iwwert d’Limitéierung vun der Pressefräiheet am scheinhäilege Kader vum Projet de loi 6127 iwwert d’Gläichheetsrechter vu Fra a Mann.

D’ADR war an der Egalitéitscommissioun, wou de Projet 6127 diksutéiert ginn ass an déi eenzeg Partei déi sech géint de Projet ausgeschwat huet. Ebe just au sdeem Grong wëll mir als ADR d’Fräihhet vun der Presse menacéiert gesäit. Et ass fir eis een Erfolleg fir ze gesinn, datt deen Dag virun dëser Pressekonferenz, wéinstens d’Presidentekonferenz décidéiert huet fir de Projet de loi elo emol net op den Ordre du jour ze setzen. Villäicht ass de Widerstand vun der ADR, den Ausléiser datt och elo mol méi intensiv iwwert dëse Projet de loi nogeduecht gëtt.

Neechst Woch stëmmen d’Députéiert an der Chamber, an do sinn se sech all eenz, eng Motioun iwwert d’Pressefräiheet an Ungarn. D’ADR ass konsequent a wëll dat och zu Lëtzebuerg. D’ADR wees net op aner Parteie genau esou konsequent sinn, déi zwar d’Limitatiounen iwwert d’Pressefräiheet an Ungarn kritiséieren, awer da wëllen zu Lëtzebuerg op een anere Wee, d’Limitatioun vun der Fräiheet vun der Presse aféieren. Et gëtt verschidde Méiglechkeeten fir d’Pressefräiheet ze limitéieren. Dat kann deen ungaresche Wee sinn, datt eng staatlech Commissioun d’Presse kontrolléiert, oder awer de Wee deen d’lëtzebuergesch Regierung proposéiert fir de Contenu enger Rei vu Prozesser duerchlafen ze loossen, dat dozou féiert datt d’Presse sech irgendwann selwer zenséiert.

De Projet de loi 6127, deen an der Gläichheetscommissioun diskutéiert ginn ass, geet zwar wuel drëm datt Fraen a Männer méi Accès op verschidden Déngschtleeschtungen hunn. Hei ass nët den Ulass a Fro gestallt, mä et gëtt nach een Prinzip dohannert. An op deen kënnt ët un. Et geet net duer d’Augenscheinlechkeet ze beien, mä et geet drëm ze reflektéieren, wat een hei ufänkt a wouhin dat féiert. Folgendes war geschitt: d’Madam Hetto ass an d’Chancegläichheetscommissioun komm an huet gesot, si géif vum Projet 6127 “e klitzeklenge Strëch” aus dem Gestz eraushuele wëllen. A grad do geet et ëm d’Fräiheet vun de Medien.

E Staat fënnt ëmmer ërem ee Grond firwat e wëll d’Fräihhet vun de Medien aschränken. An Ungarn huet et geheescht, d’Medie missten hier Reportage méi objektiv an impartiel opbauen. An ähnlech Argumenter benotzt d’lëtzebuerger Regierung och elo am Kader vun dem Projet, wou et drëm geet de Medien an d’Erennerung ze ruffen datt hier Berichterstattung muss ëmmer objektiv an impartial sinn. Dat klengt gutt, mä wéi dacks wann eppes gutt kléngt, muss een awer och kucken, wat dat an der Praxis heescht.

Eng EU-Direktiv vum 13.12.2004 seet, datt “égalité de traitement entre les femmes et les hommes dont l’accès des biens et services et de la fourniture des biens et services”. Weider heescht et: “la présente directive s’applique ni au contenu des média et de la publicité et à l’éducation”. Déi Diskussioun war den 11.12.2007an der Chamberscommissioun vun der Egalitéit, wou all d’Parteie present woaren. An dëser zimlech rezenter Commissioun, waren all d’Parteien bis op déi Gréng, der Meenung datt mir d’medien ausschléisse missen. D’Minitesch Jacobs huet rappeléiert datt d’Medien- a Publicitéitsfräiheet muss respektéiert ginn. Lo seet de Projet de loi, d’Medien a Pubicitéit ennerléien dem Diskriminéierungsverbuet, wat bis elo net de Fall woar.

D’Regierung agéiert hei e bessen paradox, wëel et gëtt eppes zu Lëtzebuerg agefouert, wat et soss an Europa net gëtt. Mir ennerwerfen d’Medien déi zu Lëtzebuerg usässeg sinn, wéi Astra z.B., potentielle Poursuiten déi se op anere Plazen net hätten. Et geet ëm Diskriminéierungskloen ouni juristesch Regelung, eng Grondfiraussetzung an engem fonktionnéierende Rechtsstaat, datt een deene Léit déi zur Rechenschaft gezu ginn kann ee kloeren tatbestand definéieren. Awer hei ass dat net esou. Et sinn politesch Definitiounen vun direkten an indirekten Diskriminéierungen, déi juritesch net kloer sinn. Wann een viru Gericht geholl gëtt, muss een och nach op Hand vun deene schwammege Diskriminatioune, seng Onschold beweisen.

Et ass keng staatlech Zensur, mäe eng Zensur iwwert Prozesser. et ass eigentlech d’Presse menacéiert iwwert zivilrechtlech Prozesser, datt se sou e grouuse Schued kréiern, wëll se net méi kënne fräi schréiwen wat si wëllen. Mir sinn do an enger SItuatioun, déi de Mediestanduert Lëtzebuerg an och eis sconomesch Interessië Schued an dat kann d’ADR net akzeptéieren.

Et geet net em Fraen- a Männerechter, mä ëm d’Presse- a Mediefräiheet a mir wäerten déi Gefor déi d’lëtzebuerger Medienlandschaft ausgesat ass, duerch d’Intentiounen vun der regierung net blann nokucken. Ausserdeem wäerte mir den internationalen Instanzen dëst zoukomme loossen.