Projet “Eis Schoul” virum Enn: d’Kanner net hänke loossen!

De Pilotprojet “Eis Schoul” soll dëst Schouljoer auslafen. D’ADR begréisst et, datt dëse Projet, deen net zur Verbesserung vun de Kompetenzen an der Grondschoul bäigedroen huet, net weidergefouert gëtt. D’ADR rifft awer d’Stad Lëtzebuerg a ganz besonnesch den Educatiounsministère op, hir Verantwortung ze huele vis-à-vis vun de Kanner an hiren Elteren, nodeems dëse „Fuerschungsprojet“ gescheitert ass.

De Pilotprojet Eis Schoul soll an aller Stëll begruewe ginn. Den Educatiounsministère schéngt d’Servicer aus des Stad Lëtzebuerg eleng mam Koup Schierbelen ze loossen, En Deel vun den Initiatoren hunn de Projet schonns laang de Réck gedréint. Och d’Uni Lëtzebuerg huet säin Interêt un “Eis Schoul” verluer.

D’ADR huet schonns beim Vote an der Chamber, am Abrëll 2008, bedauert: „Hei gëtt eng Schoul gemaach, wou Experimenter mat Kanner ugestallt ginn. Si ginn als Versuchskarnickel vun der Natioun agesat“. Am Laf vun de Joren ass d’ADR ëmmer nees intervenéiert, an de Komissiounen a mat parlamentaresche Froen, fir op Mëssstänn am Kader vun dësem Pilotprojet hinzeweisen.

D’ADR begréisst et dowéinst, datt de Projet zum Enn kënnt. D’ADR verlaangt awer mat Nodrock, datt de Ministère seng Verantwortung iwwerhëlt, och andeems en der Stad Lëtzebuerg déi néideg Ressourcen zur Verfügung stellt, fir datt d’Kanner aus “Eis Schoul” ënnert de beschtméigleche Konditioune bei der Rentrée 2014-2015 ageschoult kënne ginn. Dobäi muss ganz besonnesch op déi Kanner Rücksicht geholl ginn, déi spezifesch Besoinen hunn, an déi esou wäit wéi méiglech an déi normal Quartiersschoule sollen opgeholl ginn.

D’ADR fuerdert och, datt den Dialog mat den Elteren direkt opgeholl gëtt, esou datt se déi nächst Rentrée fir hir Kanner esou gutt wéi méiglech kënne virbereeden, dëst an enker Kooperatioun mat den zoustännege Servicer vun der Stad Lëtzebuerg.

D’ADR verlaangt, datt an Zukunft Kanner net méi fir Experimenter a Fuerschung an der Schoul mëssbraucht ginn. D’Schoul muss awer ganz allgemeng reforméiert ginn, mam Zil nees Wëssen a Kënnen ze vermëttelen!


Dem Fernand Kartheiser seng parlamentaresch Fro zum Enn vum Projet “Eis Schoul”

Dem Marceline Goergen seng Fro un de Stater Buergermeeschter

Deel dëse Post: