[FRO UN DE SCHÄFFEROT] Eis Schoul

Här Buergermeeschter,

Sou wéi d’Reglement (Art. 9) et virgesäit, erlaben ech mer dës Fro un de Schäfferot ze stellen.

Laut Informatiounen, déi an der Gemeng circuléieren, géif de Pilotprojet “Eis Schoul” um Enn vun dësem Schouljoer auslafen. Och wann dëse Projet grondsätzlech vum Educatiounsministère initiéiert a pilotéiert ginn ass, esou huet och d’Stad grondsätzlech d’Verantwortung fir d’Aschoule vun de Kanner, déi an der Gemeng wunnen an an d’Grondschoul ginn.

Dowéinst wéilt ech dës Froe stellen:

Wéi vill Kanner sinn am Ament an “Eis Schoul” ageschriwwen ?

Wéi verdeelen sech dës Kanner op déi verschidden Zyklen ?

De Projet „Eis Schoul“ setzt sech och fir d’Inclusioun an. Wéi vill Kanner mat spezifesche Besoine besichen dës Schoul?

Wéi eng Pläng huet d’Gemeng fir d’Kanner, déi am Ament an “Eis Schoul” ginn, fir d’Rentrée 2014-2015 ? Ginn dës Kanner, esou wäit wéi méiglech, nees an hir Quartiersschoul integréiert?

Wéi eng Ressourcen, z.B. wat d’Schoulpersonal (Léierpersonal, Educateuren, …) ugeet, ginn agesat fir d’Kanner mat spezifesche Besoinen an hirer Quartiersschoul ze encadréieren?

Wéini ginn déi betraffen Elteren informéiert ?

 Mat déiwem Respekt,

Marceline Goergen
Gemengeconseillère

Deel dëse Post: