Onzenséiert: D’Regierung spillt mat eiser medezinescher Zukunft!

Lëtzebuerg huet net genuch Dokteren. Dat ass eng Realitéit. Et ass och gewosst, datt dës Situatioun duerch de stramme Wuesstem entstan ass a sech nach weider verschlechtere wäert.

Op der Uni Lëtzebuerg ass et haut nach ëmmer net méiglech, e Studium an der Medezin ze maachen. Dobäi ass gewosst, datt een Drëttel vun eise Medezinstudenten nom Studium net méi zeréck op Lëtzebuerg kommen, mee als Dokter an deem Land schaffen, an deem si studéiert hunn.

Lëtzebuerg gëtt och ëmmer manner attraktiv fir d’Dokteren. D’Lëscht vun de Problemer ass laang an der Regierung bekannt: D’Nomenklatur vu medezinesche Leeschtunge misst iwwerschafft ginn, beim Unerkenne vun de Medezindiplomer gëtt et ëmmer nees Schwieregkeeten, et ginn net genuch Vertrieder vun Dokteren am Komitee vun der Gesondheetskeess (CNS), et gëtt keng Entschiedegung bei der Permanence, et feelt un Transparenz,wat de Bléck an d’Zukunft vum Dokteschberuff ugeet, asw.

Dëst seet och d’Vereenegung vun de  Lëtzebuerger Dokteren an Zänndokteren (AMMD), déi schonn zënter Joren de Standpunkt vun den Doktere vertrëtt an an d’Ëffentlechkeet dréit. Mat der Formül „Gitt eis eise Beruff zeréck!“ mécht d’AMMD eemol méi kloer, wéi onzefridden d’Doktere mat der Situatioun sinn.

Zu Recht suergen d’Doktere sech, datt Lëtzebuerg seng medezinesch Zukunft verschléift an déifgräifend Ännerungen am Dokteschberuff einfach ignoréiert. Et feelt u Flexibilitéit, politescher Reaktivitéit a reeller Matbestëmmung vun den Doktere bei wichtegen Decisiounen.

D’Noutwennegkeet vun engem Militärspidol ass e weidert Uleies, dat d’ADR scho virun e puer Joer un d’Regierung gedroen huet. Op eng parlamentaresch Fro vun der ADR huet d’Regierung de 25. Oktober 2017 geäntwert, datt d’Konzept vun enger Militär- a Katastrophemedezin, dat den 30. Juni 2017 vum Regierungsrot gutt geheescht gouf, d’Entwécklung vu spezialiséierte medezineschen a paramedezinesche Ressourcë géing virgesinn ewéi och den Amenagement, an engem ziville Spidol, vun enger spezieller militärescher Infrastruktur mat enger Kapazitéit vun ëm déi 40 Better. Do stellt sech dach d’Fro, firwat dëst Konzept dann nach ëmmer net ëmgesat gouf.

Zulescht huet d’ADR de 25. Mäerz 2020 nach e Bréif un de Minister fir Verdeedegung a bannenzeg Sécherheet geriicht, fir dëse Sujet spéitstens direkt nom offiziellen Enn vum Etat de crise an der zoustänneger Kommissioun ze diskutéieren. Esou soll de Minister Stellung huelen zur Opportunitéit vun engem Militärspidol zu Lëtzebuerg an dem Ausbau vun eiser Militärmedezin mat qualifizéiertem Personal a Reservkapazitéit.

D’AMMD huet sech kierzlech nach zu dësem Sujet geäussert a gefuerdert, datt d’Land eng Aart Katastrophespidol kritt, dat am Noutfall ganz schnell ageriicht ass. Op wat waart d’Regierung also?

Wann et dann endlech emol esouwäit ass, wier ze hoffen, datt nieft engem Militärspidol direkt och d’Strukture fir eng Uniklinik geschaf ginn, dëst beschtefalls a Synergie mam Militärspidol. Et wier fir Lëtzebuerg immens wichteg, datt den Unisektor Medezin endlech ausgebaut géif, datt ee säi Medezinstudium hei am Land ofschléisse kann. All déi bekannte Problemer a wichteg Dossieren am Medezinsektor, mussen endlech ugepak ginn. Dobäi soll onbedéngt dru geduecht ginn, déi concernéiert Leit unzehéieren a mat an d’Projeten anzebezéien.

D’ADR freet sech: Firwat gëtt e wuertwiertlech liewenswichtege Volet vun der Regierung esou wéineg wäertgeschat an därmoosse schleefe gelooss? Firwat ginn d’Problemer an d’Leit um Terrain reegelrecht ignoréiert an iwwergaang? Weist sech hei nees eng Kéier dee problemateschen Ëmgang mat liberale Beruffsdomänen, dee Gambia scho méi wéi eemol virgefouert huet.

Et ass un der Zäit, datt sech eppes deet! D‘Regierung muss dat agesinn an endlech handelen, ier et ze spéit ass.

 

Deel dëse Post: