Militärspidol: Op wat waart d’Regierung?

D’Land brauch eng Aart Katastrophespidol, dat am Noutfall ganz schnell ageriicht ass, seet d’Vereenegung vun de Lëtzebuerger Dokteren an Zänndokteren (AMMD). Scho virun e puer Joer huet och d’ADR der Regierung dëst Uleies vermëttelt. Op eng parlamentaresch Fro, hat d’Regierung deemools geäntwert, datt e Konzept virléich, dat den 30. Juni 2017 vum Regierungsrot gutt geheescht gi wier.

Ma bis haut gouf dëse Projet nach net realiséiert. Dofir wëllen d’Deputéierte Fernand Kartheiser a Jeff Engelen vun der Regierung wëssen, wou de Projet haut drun ass a si stellen nach eng Rei weider Froen zum Projet.

Fannt hei och en Artikel, deen dëse Sujet an déi bekannte Problematiken am Beräich vun der Medezin an am Dokteschberuff behandelt:

 

Deel dëse Post: