Neien Dictionnaire: Lëtzebuergesch – Gambia

Am Kader vun der Diskussioun ronderëm de Gesetzesprojet 7674 huet d’ADR sech vill Kritik vu Säite vun de Regierungsparteie missen unhéieren, well si behaapt huet, Gambia wéilt de Papp eesäiteg ofschafen. An effektiv krut si der mat Recht laanscht d’Baken, well, wéi d’Regierung lo matdeelt, gi Kanner an der Ukrain vu “Persounen” ausgedroen. Opgrond vun hire fréiere Feeltrëtter huet d’ADR duerfir decidéiert, zukünfteg ganz konstruktiv un der Norméierung vu sämtleche Persoune matzeschaffen an erlaabt sech, Iech hei en neien Dictionnaire zur Verfügung ze stellen, fir datt Dir Iech méiglechst reiwungslos un déi nei Gewunnechten an déi entspriechend Sozialleeschtunge gewinne kënnt.

Lëtzebuergesch Gambia
Fraeparkplaz Persouneparkplaz (ka vun all Persoun benotzt ginn, déi sech als Fra fillt)
Fraequot Persounequot (all Persoun, déi sech als Fra fillt huet Usproch op entspriechend ekonomesch a politesch Verantwortung)
Mammerent Personne qui a accouché l’enfant-Rent (all Persoun, déi sech als eng Persoun fillt, déi Kanner kéint op d’Welt bréngen, kann eng entspriechend Demande stellen)
Mammecongé Personne qui a accouché l’enfant-Congé (all Persoun, déi den Noweis féiert, datt si eng Kéier e Kand ob d’Welt bruecht huet, kann dëse Congé ufroen)
Pappecongé Autre parent de naissance-Congé (all Persoun, déi den Noweis féiert, datt si sech als aneren Elterendeel fillt, kann dëse Congé ufroen)
Mammendag Personne qui a accouché l’enfant-Dag (gëtt den zweete Weekend am Juni a je nodeems als wat Dir Iech fillt, den éischte Weekend am Oktober gefeiert)
Pappendag Autre parent de naissance-Dag (gëtt den zweete Weekend am Oktober a je nodeems als wat Dir Iech fillt, den éischte Weekend am Juni gefeiert)
Weltfraendag Welt-Personne qui a accouché l’enfant-Dag (gëtt op den Dag vum Ufank vum Befreiungskrich a je nodeems als wat Dir Iech fillt, den 3. November gefeiert)
Weltmännerdag Welt-Autre parent de naissance-Dag (gëtt den 3. November a je nodeems als wat Dir Iech fillt, op den Dag vum Ufank vum Befreiungskrich gefeiert)

 

Hei fannt Dir d’Hannergrënn zu der Pappendiskussioun

Deel dëse Post: