Migratiounszuele vun 2015: 62% aus Kriselänner

2015 hunn 2 447 Leit zu Lëtzebuerg eng „Demande fir internationale Schutz“ gestallt. Aus Migranten / Réfugié sinn DPI (Demandeurs de protection internationale) ginn.

Nieft der „offizieller Statistik“, déi all Mount vun der Regierung publizéiert gëtt, huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser iwwert de Wee vun enger parlamentarescher Fro eng ganz Rei weider Detailer gefrot, déi och vun dem Minister fir Immigratioun geliwwert gi sinn.

Hei eng kleng Analys iwwert d’Zuelen aus vun 2015, déi aus de béiden Dokumenter zesummegestallt ass.

Gesamtzuel vun de Leit déi eng Demande gemaach hunn: 2.447

Duerzou ass ze bemierken, datt méi Migranten Hëllef vum OLAI kruten. Ongeféier ee Véierel vun dësen hu KENG Demande gemaach. Duerzou huet de Fernand Kartheiser eng zousätzlech Fro gestallt.

Dobäi kommen nach 46 Persounen aus Syrien, déi am Mee 2016 zu Lëtzebuerg „réinstalléiert“ gi sinn, an déi direkt de Statut vum Réfugié unerkannt kritt hunn.

Vun den 2 447 DPI’en kommen der 1.524 aus de Kriselänner Syrien (669), Irak (539), Afghanistan (214), Iran (64) an Erithrea (38). Dëst sinn 62,3% vun allen DPI’en.

Et koumen nach 444 oder 18,1% Leit aus dem Balkan (Albanien mat 214, Montenegro mat 72, Bosnien mat 68, Serbien mat 56 a Mazedonien mat 34).

479 Leit koumen aus anere Länner, dorënner 31 aus der Ukraine, 29 aus Nigeria, 23 aus Georgien an 22 aus Algerien. Dëst sinn 19,6%,.

40% si Männer eleng !

Wann e pro Geschlecht kuckt, a si – mat de Kanner – 1710 männlech Persounen (70%) a 737 weiblech Persounen (30%) ukomm.

Bal 30% vun den DPI si Mannerjäreger. Dësen total vun 724 gesäit am Detail esou aus: Kanner ënner 6 Joer: 166; Kanner vu 6 – 16 Joer: 463; Jugendlecher vu 17-18 Joer: 95.

Wann all Gemeng freet an hofft, Famillje kënnen opzehuelen, da stinn dach éischter Enttäuschungen am Raum!

De Ministère zielt wuel 397 „Familljen“ (Demande mat mindestens 2 Leit, also och eng Koppel oder en Erwuessene mat 1 Kand).

Op där anerer Säit hunn awer 986 Männer déi eleng ukomm sinn en Demande gemaach, oder 40,3% vun allen DPI’en. Nëmmen 71 Frae (2,9%) sinn an deem Fall.

Deel dëse Post: