Mäerchestonn versus Realitéit

Lëtzebuerg geet et formidabel a jiddereen ass zefridden, esou kann een dem Staatsminister seng Ried zur Lag vun der Natioun vum 24. Abrëll, wou hien sech  50 Minutte selwer lueft, zesummefaassen. Denken dat och déi ronn 100.000 Léit, déi am “räichen” Lëtzebuerg ënnert der Aarmutsgrenz liewen? Denken dat och déi 30.000 Lëtzebuerger, déi gezwonge sinn, hiert Land ze verloossen an iwwert der Grenz ze wunne well d’Logementspräisser nach ni esou rapid geklomme si wéi ënnert der Regierungsverantwortung vu Gambia? De Gast Gibéryen leit a senger Reaktioun op d’Lag vun der Natioun vum 25. Abrëll richteg, wann hie seet, datt d’Regierung vëlleg de Bezuch zu de Leit dobausse verluer huet.

D’Problemer zu Lëtzebuerg si grouss, an d’Erausfuerderungen, déi op eis duerkommen, net manner grouss. An deem Sënn ass et em sou méi problematesch, datt déi wierklech an eigentlech Kärproblemer vum Land vun der Regierung net nëmmen net eescht geholl ginn, se gi schlicht ignoréiert. Eng Positioun vum Staatsminister iwwert deen onkontrolléierte Wuesstem, deen zu enger Verschäerfung vun all eise Problemer féiere wäert? Kee Wuert. D’Flüchtlingsproblematik? Net ugeschwat. De Referendum vun 2015, wou de Premier 80% vun de Lëtzebuerger als domm deklaréiert huet? Vergiess. D’Staatsfinanzen an d’Renten? Anscheinend “kärgesond”!

De Gast Gibéryen räisst der Regierung a senger Interventioun de rosa Brëll erof. Hie schwätzt all deene Leit, déi Dag fir Dag mat enger anerer Realitéit konfrontéiert si wéi d’Mäerchestonn-Analys vun der Regierung, aus dem Häerz.

E puer onkamoud Wourechten, opgepickt vum Gast Gibéryen:

Hei fannt Dir d’Pressereaktiounen iwwert den Debat zur Lag vun der Natioun.

 

 

Deel dëse Post: