Lëtzebuerg ass Europameeschter!

Ënnerhalb vun engem Joer ass de Präis fir de Bensinn ëm 46 Cent (!) an d’Luucht gaangen, de Präis fir Diesel ëm 47 (!) Cent a fir de Masutt ëm 42 (!) Cent. E Stot mat zwee Autoe bezilt ronn 1500 Euro méi, ewéi nach lescht Joer. D’Deierecht beim Stroum a Masutt féiert dozou, datt e Stot ronn 3000 méi muss bezuelen, ewéi nach am Joer virdrun. D’Lëtzebuerger als grouss Verléierer! 

Dës Entwécklung ass net just op de Weltmaart zeréckzeféieren, mee virun allem op politesch Feelentscheedunge vun eiser Regierung, deenen déi Leit, déi manner hunn, wéi et schéngt egal sinn. Dem Klimawandel ass domat iwwregens näischt gedéngt, mee déi meeschtens finanziell gutt gestallte Wielerschaft vun de Grénge kann sech et ebe leeschten… A senger Interventioun vum 11. November zielt de Süd-Deputéierte Fred Keup konkret Pisten op, wat d’Regierung elo maache misst, fir dës Präisdeierecht ze stoppen, mee 56 Deputéierte hu géint eng effikass Entlaaschtung vun de Lëtzebuerger Stéit gestëmmt.

De Fred Keup huet iwwerdeems zwou Motiounen deponéiert, fir deene Leit, déi manner hunn, entgéintzekommen.

Weider Informatiounen:

D’ADR fuerdert déi ersatzlos Ofschafung vun der CO2-Steier!

Deel dëse Post: