Lëntgen: konterbosseg Parking-Story vum Ëmweltministère

Den übleche  Kuddelmuddel vum Ëmweltministère verhënnert am Ament, datt zu Lëntgen e protegéierten Atelier fir Matbierger mat enger Behënnerung opgeet. Geplangt ass dësen an engem fréiere Kaffi, deen d’Gemeng kaf huet. Si kritt einfach keng Erlabnis fir dee néidege Parkraum hei anzeriichten. An dat obwuel de Ministère en ekologesche Parking hei gehollef huet plangen … an och derfir bezuelt huet. De Fred Keup probéiert an enger parlamentarescher Fro, Luucht an dës Affär ze brengen.

Deel dëse Post: