Käschtenexplosioun bei der Renovatioun vum Munnerëffer Thermalbad

Ufank 2020 huet d’Chamber der Regierung mat de Stëmme vun der ADR insgesamt 133 Milliounen Euro fir d’Renovatioun vum Munnerëffer Thermalbad accordéiert. Nodeems eisen Deputéierte Jeff Engelen an eng éischter parlamentarescher Fro Opklärung verlaang huet, firwat de Projet dräi Joer méi spéit nach ëmmer net ugefaangen huet, huet d’Regierung misse Faarf bekennen, datt ausgerechent fir dësen ëffentleche Bauprojet d’Autorisatioune feelen. Nodeems dunn och RTL d’Thematik opgegraff huet, huet sech och nach rausgestallt, datt de Projet wéinst de Verzögerungen ëm op mannst 57 Milliounen Euro méi deier gëtt. Grond genuch fir de Jeff Engelen an eis jonk Ost-Deputéiert Lexy Schoos, der Regierung weiderhin op d’Fanger ze klappen.

Weiderféierend:

Deel dëse Post: