Verzögerung bei der Renovatioun vum Thermalbad Munneref

Schonn am Fréijoer 2020 gouf d’Regierung duerch d’Chamber autoriséiert, d’Renovatioun vum Thermalbad zu Munneref virzefinanzéieren. D’Regierung hat den entspriechende Gesetzesprojet mat enger Rei techneschen Defiziter, souguer mangelnder Konformitéit zu gesondheetleche Virschrëften, déi souwuel d’Personal wéi d’Patiente betreffen, motivéiert. Dräi an en halleft Joer méi spéit léisst de Start vun den Aarbechten offenbar nach ëmmer op sech waarden. Wéi konnt et dozou kommen?

Deel dëse Post: