Gréng Ëmerzéiung an de Schoulkantinnen!

Den 10. Mäerz 2021 huet den ADR-Deputéierte Fred Keup eng Rei pertinent Froen un de Schoulminister geriicht, fir ze froen, wéi et mat dem zukünftegen Ernierungsplang an de Schoule géif ausgesinn. De Minister Claude Meisch huet him deemools kloer versprach, datt d’fräi Wiel vum Iessen an de Schoulrestauranten och zukünfteg géif bestoe bleiwen. Mee kaum en hallef Joer méi spéit stellt sech raus, datt dës Versprieche mat der neier Rentrée gebrach gouf. A verschiddene Schoule gëllt Méindes lo e sougenannte “Veggie-Day”. Goufen d’Schüler dann op mannst duerch e Referendum zu dëser grondsätzlech perséinlecher Entscheedung befrot?

Hannergrond:

Deel dëse Post: