Geschwënn 100 Euro pro Tonn CO2?

Eng Rei EU-Staate diskutéiere schonn, hir CO2-Steieren op 100 Euro eropzeschrauwen. Déi national CO2-Steier, säit Méint d’Kiischt um Kuch vun der Explosioun vun den Energiepräisser bedréit aktuell “nëmmen” 20 Euro a soll den 1. Januar d’nächst Joer op 25, den 1. Januar 2023 dann op 30 Euro pro Tonn CO2 klammen. Zwee Mol huet d’ADR an der Chamber eng Motioun abruecht, fir d’Regierung opzefuerderen an dësem Dossier endlech eng steierlech Entlaaschtung anzeleeden. Zwee Mol hunn allerdéngs 56 Deputéierte géint bezuelbar Mazouts- a Bensinnspräisser fir d’Lëtzebuerger Bierger gestëmmt. An egal wéi héich oder “niddreg” eis CO2-Steier aktuell ass, handelt et sech am Ablack bekanntlech ëmmer nëmmen em eng Fro vun der Zäit bis fatal Iddien am Ausland och “Plagiatoren” an eiser Regierung fannen.

Hannergond:

Deel dëse Post: