Geschriwwe Press: 6.5 Milliounen Euro fir “offiziell Avisen” (rtl.lu)

Presse

De Staat huet an de leschte 4 Joer (2009 bis 2012) 6,5 Mio € fir d’Publikatioun vu sougenannten „offiziellen Avisen” an der geschriwwener Press ausginn.

Dat geet aus der Äntwert vum Kommunikatiounsminister François Biltgen op eng parlamentaresch Fro vum adr-Deputéierten Fernand Kartheiser ervir.

De Gros vun dëse Suen, 28% krut d’Lëtzebuerger d’Wort mat 1,8 Milliounen. Virum Tageblatt mat 1,1 Millioun an der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek op der drëtter Plaz mat ëmmerhin eppes iwwer 800.000 Euro.

Dës Sue komme bei déi eigentlech Pressehëllef derbäi.

D’Tageblatt krut 2011 iwwert dee Wee mat ronn 1,6 Milliounen Euro déi meeschte Sue vum Staat als finanziell Stäip. D’Wort ronn annerhallef Millioun. De Quotidien vun der Editpress der 1,2. Duerno kënnt de Journal mat 540.947 Euro.

D’Wochenzeitung Jeudi krut iwwert de Wee vun der Pressehëllef mat 327.751 Euro gehollef. D’Lëtzebuerger Land der nach 268.405. Am mannsten ënnerstëtzt gouf mat 240.865 Euro d’Woxx.

Publizéiert op RTL.lu, 23.01.2013

[BEÄNTWERT] Promotion de la presse écrite

Deel dëse Post: