[BEÄNTWERT] Promotion de la presse écrite

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Kommunikatiounen a Medien weiderzeleeden.

D’Gesetz zur Fërderung vun der geschriwwener Press, dat zënter 14 Joer a Kraaft ass (loi du 3 août 1998 sur la promotion) de la presse écrite), huet mat sech bruecht, datt am Staatsbudget ëmmer en deementspriechende Betrag virgesinn ass. Dee Montant gëtt opgrond vun enger Berechnung, an dor haaptsächlech d’Zuel vun de redakzionnelle Säite berücksichtegt gëtt, ënnert de verschiddene Presseorganer verdeelt Zil vun dëser direkter Hëllef wier de Wëllen, d’Meenungspluralitéit ze fërderen.

Deslescht huet den zoustännege Minister während enger ëffentlecher Table ronde behaapt, d’Avis officiele wieren eng “verstoppte Pressehëllef” an datt u sech kee Bedorf méi besteet fir se an den Zeitungen drécken zeloossen.

An dësem Kontext wéil ech dem Här Minister fir Kommunikatiounen a Medien dës Froe stellen:

1. Wéi ass d’Evolutioun vum Gesamtbetrag fir d’Pressehëllef zënter d’Akraafttriede vum deementspriechende Gesetz?

2. Huet sech d’Regierung déi néideg instrumenter ginn, fir z’iwwerpréiwen, ob d’Pressehëllef och wierklech zur Meenungspluralitéit bäidréit? Wa jo, wat fir eng Instrumenter sinn dat a wat fir eng Conclusioune kann d’Regierung dorausser zéien?

Wann net, huet d’Regierung d’Absicht esou en Instrument ze schafen?

3. Wéi vill Suen huet d’Regierung zënter 2009 fir d’Publizéiere vun Avis officielen an der geschriwwener Press ausginn? A wéi deelt sech de Gesomtbetrag fir d’Avis officielen op déi verschidden Zeitungen op?

S. No wat fir enge Critère gëtt decidéiert a wat fir engen Zeitungen Avis officiele publizéiert ginn oder net? No wat fir enge Critèrë gëtt decidéiert, ob en Avis officiel iwwerhaapt an der geschriwwener Press publizéiert gëtt oder net?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Karcheiser

Deputéierten

Réponse du Ministre des Communications et des Médias à question N°2466 de Monsieur Fernand Kartheiser concernant Promotion de la presse écrite

Geschriwwe Press: 6.5 Milliounen Euro fir “offiziell Avisen” (rtl.lu)

Deel dëse Post: