Géint EU-Tracing-App déi eis Grondrechter a Gefor bréngt!

Nodeems sech déi zoustänneg Chamberkommissioun mam méiglechen Aféiere vun enger europawäiter Tracing-Applikatioun beschäftegt huet, bleift et fir den Deputéierte Roy Reding bei engem däitlechen Nee! Dës ADR-Positioun hat schonn de Fernand Kartheiser am Chamberplenum vertrueden, an do och eng deementspriechend Motioun abruecht. An dëser ass d’Regierung kloer opgefuerdert gi fir sech sou der geplangter Tracing-App vun der EU-Kommissioun ze widdersetzen, déi erlabt et jo, fir all d’Kontakter vu Leit ze retracéieren déi mam Coronavirus infizéiert sinn. Nëmmen déi Lénk haten déi kloer Positioun vun der ADR ënnerstëtzt, woumadder d’Motioun verworf gouf. Elo ass d’Piratepartei dobäi e  Motiounstext auszeschaffen deen e Konsens am Parlament fanne soll. Do heescht et datt d’Tracing App net obligatoresch, ma fakultativ, soll kënnen zougelooss ginn. Deem widdersetzt sech d’ADR awer ganz kloer.

Dat huet de Roy Reding, am Interview mat RTL, nachmol ganz däitlech gemaach:

Mir si prinzipiell géint eng App, egal ob obligatoresch oder fräiwëlleg, well doduerch fundamental Grondrechter a Gefor wären“!

Positiv wär dogéint datt en analogen Tracing gemaach gëtt, iwwer Interviewen, an dobäi soll et bleiwen.

Wann awer eng Tracing-App sollt agefouert ginn, da wiert sech d’ADR mat alle Mëttelen dogéint:

souwuel juristescher Natur, wéi och engem Opruff zum zivillen Ongehorsam. Mir géifen dann och eng Campagne maachen, wou mer d’Leit géifen opruffen, sou eng App ënner kengen Ëmstänn z’installéieren, well et ass en 1. Schrëtt an en totalitäre Staat. Mir haten elo Punkte genuch, wou Reglementer oder Interpretatioune vu Reglementer haarschaarf u verfassungsrechtlech Grondrechter gaange sinn: Et geet elo duer!

An dësem Online-Artikel fann Dir den O-Toun vum Roy Reding:

Hei den Artikel vun adr.lu iwwert d’Motioun géint d’EU-Tracing-App.

 

 

 

Deel dëse Post: